News
Däitschland: Prozess ëm de Kachelmann verréckelt
06.09.2010, 07:44 - Fir d'lescht aktualiséiert: 06.09.2010, 11:16
Um 9 Auer de Moien huet de Prozess géint de Jörg Kachelmann ugefaang. No 2 Minutten war et awer schon eriwwer.

Vergeet dem Wiederfräsch haut säi Grinsen?
D’Verdeedegung huet ugefrot de Prozess ze verréckelen, well de Riichter net onparteiesch wier. Den Antrag vun 250 Sàite gëtt lo ënnert d’Lupp geholl, de nächste Méinden ginn d’Verhandlunge virun. Den 52 Joer alen ARD Wiedermoderator soll am Februar seng Frëndin mat engem Messer bedreet an sie no engem Sträit vergewaltegt hunn.

Hei de falsche Kachelmann.
Den Oliver Pocher huet sech hei och en Optrett geleescht: also falsche Kachelmann ass hien hei opgekräizt. Hien huet fir groussen Duerjernee gesuergt bei de Fotografen a bei de Mataarbeschter vum Geriicht zu Mannheim.
Weider Artiklen
![]() | 10. Feb 04:47 Eurogroupe : Nach keng nei Hëllef fir Athen |
![]() | 10. Feb 05:04 Cattenom : Damp um Site vum AKW |
![]() | 10. Feb 08:01 FBI : Steve Jobs war e Manipulateur |
![]() | 9. Feb 18:13 STATEC: Lëtzebuerg an der Rezessioun ? |
![]() | 9. Feb 17:23 Extrem Keelt: Iwwer 500 Doudeger an Europa |
![]() | 9. Feb 14:59 Griichenland: Spuerpak vun der Regierung ugeholl |
![]() | 9. Feb 13:26 PIP: Spur féiert och op Lëtzebuerg |
![]() | 9. Feb 16:21 Gréng: Luc Frieden spuert zevill an op der falscher Plaz |
![]() | 9. Feb 15:06 ACTA: E Samschdeg Manif géint "Anti-Piraterie" Accord |
![]() | 9. Feb 11:47 Doping: Jan Ulrich gouf schëlleg gesprach |























