Concerts presentéiert vun Eldoradio
James Morrison: 30.5. @ Atelier
30.04.2012, 09:32 - Fir d'lescht aktualiséiert: 30.04.2012, 11:10

Mat 13 weist säi Monni him, wéi een ee Blues-Riff op enger Gittar spillt. Den James Morrison gëtt Stroossemuseker a léiert do, viru gréissere Mënschemassen ze spillen ouni nervös ze ginn. Nuets lauschtert hie vill Musek, Marvin Gaye an Otis Redding.
Duerch Zoufall kritt hien ee Plackekontrakt mat Polydor, hei sinn se all vu sengem Demo-Band absolut begeeschtert.
Seng Single "You Give Me Something" entpuppt sech als absoluten Hit. Ufank August lant säin Album "Undiscovered" op Plaz 1 vun de briteschen Charts: 300.000 verkaaften Unitéiten bedeiten als éischt mol Platin.
Mat sengem zweeten Album "Songs For You, Truths For Me", zwee Joer méi spéit, kann den James Morrison den Erfolleg vum Debüt widderhuelen. Besonnesch den Duo mam Nelly Furtado, "Broken Strings", gëtt e Risesuccès.
Am Oktober 2011 kënnt den Album Nummer 3: "The Awakening". mat deem kënnt den James Morrison den 30. Mee an den Atelier.
Weider Infos kritt der op www.atelier.lu
Weider Artiklen
![]() | 30. Abr 09:32 James Morrison: 30.5. @ Atelier |
![]() | 11. Abr 17:53 FFYS: 25.05.-27.05.@ Tuntange |
![]() | 11. Abr 17:23 Jason Mraz: 13.11.12 @ Atelier |
![]() | 13. Mär 15:16 Boy: 4.4, @ Atelier |
![]() | 9. Mär 09:43 Gypsy & The Cat: 25.3, @ Atelier |
![]() | 6. Mär 17:48 Aura Dione: 21.03. @ Atelier |
![]() | 2. Mär 17:34 Example: 16.03. @ Atelier |
![]() | 29. Feb 15:44 Taio Cruz: 25.5.@ Luxexpo |
![]() | 28. Feb 10:14 Dick Brave & The Backbeats: 10.03. @ Atelier |
![]() | 27. Feb 15:26 Pitbull: 15. Juni @ Rockhal |






















