Mister Science
Wisou gëtt et Lénks - a (dobäi méi) Rietshänner?

Firwat mer net ëmmer déi 2 Hänn benotzen, läit wahrscheinlech dorunner datt et fir eis méi einfach ass just eng Hand ze perfektionéieren sou datt des méi séier a méi staark gëtt. Wéi eng Hand dann elo perfektionéiert gëtt hängt vun eisem Gehir of. Wa bei enger Persoun den Zentrum fir d'Fäinmotorik an der lénker Gehirhalschend läit, dann ass d'Persoun Rietshänner. Wann dësen Zentrum riets am Gehir ass, da gëtt d'Persoun meeschtens Lenkshänner. Wat een ass, dat ass genetesch bedingt. Aus deem selwechte Grond firwat verschidde Leit blo Aan hunn an anerer blond Hoer, sou ginn et eben och Leit déi Lenkshänner sinn.
Fiwat ginn et awer lo bei de Menschen, anescht wéi bei den Déieren, méi Rietshänner?
E Grond ka sinn, datt de Mensch säit emmer matt Handwierksgeschir schafft, an datt dëst oft nëmme fir déi riets Hand gemaach ginn ass. Dëst féiert dozou datt och Lenkshänner vun Ufank un, all handwierklech Saache matt der rietser Hand maache mussen. Si ginn als Rietshänner trainéiert, obwuel si wahrscheinlech genau sou gudd Lenkshänner gi wieren, wann et nëmmen Handwierksgeschir fir lenks gi wier. Dat ass awer nëmmen eng Theorie vu villen. A genau wéi iwwerall gëtt et nachvill ze erfuerschen.
Fuerschung zu Lëtzebuerg a vuLëtzebuerger am Ausland:
D'Neurologie ass d'Fuerschung iwwert d'Gehir, a fir dëse Beräich sinn Gehirënnerscheeder, déi et bei Lénks- a Rietshänner gëtt, vu grousser Bedeitung. Op der Universitéit vun Heidelberg huet eng lëtzebuerger Fuerscherin, d'Annouk Welfringer, Recherchë bei Hireschlag Patiente gemaach déi neglect sin – dh. Mënsche bei deenen eng Hälschent vum Gehir net méi richtegfunktionéiert.
Fir datt hat seng Fuerschungsresultater ënnertenee a och matt anere Publicatioune vergläiche kann, ass et wichteg datt hatt seng Tester just mat Patiente mëscht déi Rietshänner sinn. Vue datt bei engem Lenkshänner vill Gehirfunktiounen net op derselwechter Säit leie wéi bei engem Rietshänner, schaffen déi meescht Neurologendofir ausschliisslech mat Rietshänner.
Sources & Links:
Katharina Rab “ALTERSEFFEKTE BEI DER ENTWICKLUNG DER HÄNDIGKEIT VON 4- BIS 6-JÄHRIGEN KINDERN“ 01/2010 http://othes.univie.ac.at/8459/1/2010-01-11_0204832.pdf
Famous left-handers: http://www.indiana.edu/~primate/left.html
Händegkeetstest an der Fuerschung: http://en.wikipedia.org/wiki/Edinburgh_Handedness_Inventory
Fro an Äntwert Prof. McManus: http://www.abc.net.au/quantum/scripts98/9807/feature2.htm
Lauschtert hei nach emol den Extrait aus dem Wencke sénger Sendung:
Hudd dir eng Fro ? Da stellt se dem Mister Science op science@eldoradio.lu
Alternative content














