Mister Science
Hëlleft et wann een Mënzen virum ageheien um Automat reiwt?

An der Theorie gëtt et eigentlech keng Erklärung firwat den Automat déi ugeriwwen Mënze léiwer huet wéi déi laanger, an dofir hunn e puer Wëssenschaftler ronderëm de Ranga Yogeshwar, den Test gemaach. Si hunn 100 gebrauchte Mënzen an en Automat geworf ouni ze reiwen, an dovunner sinn der 4 duerchgefall. Duerno hunn se 100 geriwwen Mënzen agehäit an dovunner sin der souguer 5 duerchgefall.
Si hun also bewissen datt d’reiwen vun der Menz usech keen Ënnerscheed mécht. Wat wichteg ass, ass den Duerchmiesser an d’Material aus där d’Mënz gemaach ass.
A wéi analyséiert en Automat dës Mënzen dann?
Ma an engem Automat sinn e puer elektresch Spullen déi eng elektromagnéitescht Feld produzéieren. Wa lo eng metallesch Mënz duerch des Feld trëllt, ännert sech dat Feld, an des Ännerung ass ganz typesch fir ee Material. Dat heescht eng Mënz, déi aus engem anere Metall as, verännert d’Feld anescht, d’Mënz gëtt net erkannt, a fält duerch. Duerno gëtt den Duerchmiesser gemooss, dëst ass jo wichteg well 10 c, 20c a 50 c aus deem selwechte Material sinn, awer hiren Duerchmiesser verschidden ass.
Me firwat reiwen d’Leit dann hier Mënzen um Automat?
Dat huet e psychologesche Grond. Am Test gouf jo bewisen datt d’Mënz meeschtens duerchgeet, me an enger Zweifelsituatioun kënnt et fir, datt den Automat och mol eng richteg Mënz duerchgehäit. Meeschtens gëtt d’Mënz awer bei där 2te kéier erkannt.
Huele mer awer elo d’Situatioun: dir sidd virum Automat an d’Mënz fält duerch. Dir huet se rëm an ier der se nach emol erawerft reiwt der dëst emol um Automat, an Zack gëtt se akzeptéiert. Dir mengt, et wier wéinst dem reiwe gewiescht an dofir zidd dir de Schluss datt d’reiwen ëmmer hëlleft an dir sidd frou. Me dir hätt d’Mënz grad sougudd kinnten an d’Loft geheien, dat hätt nämlech de selwechten Effekt gehat, also guer keen.
Reiwen um Automat huet also keen Effekt op d’Menz.
Hëlleft et da wann een d’Kreditkaarten reiwt?
Nee hei ass et de selwechte psychologeschen Effekt deen eis denken deet datt dat hëlleft. Reiwen hëlleft héchstens wa groben Dreck um Chip drop as. Fangerofdreck dierften net stéieren.
Den Chip ass e klenge Computer deen an der Kaart agebaut ass. Dëse Computer brauch e bësse méi wéi e bësse Reiwungenergie vun der Kleedung fir aktivéiert ze ginn – an dat as och besser sou!
Lauschtert hei nach emol den Extrait aus dem Wencke sénger Sendung:
Hudd dir eng Fro ? Da stellt se dem Mister Science op science@eldoradio.lu
Alternative content














