Mister Science
Firwat ass d’Waasser ëmmer beim Bauch am keelsten?

Majo d'Gefill dat et eis kal oder waarm ass, kennt doduerch datt eise Kierper eng Temperaturdifferenz spiert. Am beschte versteet een dat mat engem Experiment: Dir huelt 3 Schosselen a fëllt déi éischt mat waarme Waasser eng zweet mat kalem an déi drëtt mat wodelechem Waasser. Dann taucht der déi lenks Hand an d’waarmt an déi riets Hand an kaalt Waasser a waart 30 Sekonnen. Duerno taucht der déi 2 Hänn an d’wodelecht Waasser. Fir déi lenks Hand déi waarm ass fillt seet d’Waasser kal un, awer déi riets Hand seet et wier waarm. Kal a waarm ass also relativ, an hängt dovun of wéi waarm eise Kierper as.
Jo a wisou gëtt et eis da elo kal wa mir mam Bauch an d’Waasser ginn?

Logesch, me so, nach eng ondiskret Fro, verschidde vu menge männleche Kollege schuddere sech schonn ier se bei de Bauch kommen. Ass hiert beschte Stéck dann och sou waarm wéi de Bauch?
Nee meeschtens sinn d’Geschlechtsorganer och méi kal wéi de Bauch me doduerch datt mir do vill méi Nervenzellen hun, reagéiert een hei méi sensibel op d’Keelt.
Fuerschung zu Lëtzebuerg
Op der Uni-Lëtzebuerg fuerscht d’Équipe ronderëm de Fernand Anton an der Neurophysiologie. An enger aktueller Publikatioun am „European Journal of Pain“ hun si d’Effekter an d’Schmäerze beschriwwen déi e Mënsch spiert wann e mat ganz waarme Waasser oder mat kalen Temperaturen a Kontakt kënnt.
Links:
http://publications.uni.lu/record/4262
Lauschtert hei nach emol den Extrait aus dem Wencke senger Sendung:
Hudd dir eng Fro ? Da stellt se dem Mister Science op science@eldoradio.lu
Alternative content














