Net agelogged Newsletter | Login
Mister Science

Mister Science

Share on Myspace

Firwat geet e Schëff, wat dausenden Tonne weit, net ënner?

Eng Nolauschterin ass op d‘Musel spazéieren gaangen an huet sech gewonnert wisou déi grouss metalle Schëffer eigentlech net ënner ginn, an zousätzlech och nach sou vill kënnen droen – Kuelen, Autoen asw... Duerno huet hatt sech gefrot op des Schëffer hier ganz Laascht och kinnten droe wann se net am Waasser géife stoe me u Land?

Jo et kann ee sech heiansdo wonnere wéivill Charge grouss Schëffer droe mussen. Bei menge Recherchen hunn ech souguer iwwert ee Schëff gelies, dat iwwer 100 000 Tonne weit. Dh souvill wéi 10‘000 Camionen.

Wéivill e Schëff droe kann hängt dovunner of wéivill Waasser duerch d’Form vum Schëff verdrängt ka ginn. Do musst der iech lo en Experiment virstellen. Dir fëllt en dënne Plastiksbecher, dee bal näischt wéit, hallef mat Waasser, a loosst dësen an enger grousser Schossel voll Waasser schwammen. Da gesidd der dat de Niveau vum Waasser am Becher selwecht héisch ass wéi de Niveau baussen dem Becher. D’Gewiicht wat verdrängt gëtt ass also d’selwecht wéi Gewiicht wat gedroe gëtt. E klengt Schëff wat 1000 kg weit muss sou geformt sin, datt et op d’mannst 1000 Liter Waasser verdränge kann, soss geet et ënner! D’Form vum Scheffsbauch ass dobäi net sou wichteg

Géif dann e Schëff wat matt senger ganzer Charge u Land steet zesummebriechen?

Dat hängt dovunner of wéi d’Schëff u Land steet, wann et, wéi normalerweis wann et gefleckt gëtt, einfach op e puer Stäipen an der Wäerft steet, da giffen des Stäipe sech sécher duerch d’Gewiicht an de Bauch vum Schëff erandrécken. Steet d’Schëff awer op enger glater Wiss déi d’Form huet vum Bauch vum Schëff, misst d’Schëff eigentlech duerhalen.

Archimedes Prinzip

Den Archimedes ass e berühmte Mathematiker a Physiker, deen ëm 250 viru Christus gelieft huet. Hien huet als éischten de Phenomen vum Opdriff am Waasser korrekt beschriwwen, wat deemools schonn de Schëffingénieuren zegutt koum. Hien huet erausfonnt datt den Opdriff am Waasser proportional zum Volumen ass vun engem Kierper.

E Kilo Holz z.B. huet méi e grousse Volume wéi e Kilo Bläi an dofir ass den Opdriff beim Holz méi staark!- D‘Wëssenschaftler soen datt d’Holz eng manner héich Dichte huet.

Enger Legend no sollt den Archimedes dem Kinnik seng Kroun analyséieren a kucken op se echt wier. De Kinnik hat sengem Goldschmatt e Barren Gold ginn, an dëse sollt him eng Kroun domadder maachen. D’Kroun hat duerno och genau dat d’selwecht Gewiicht wéi de Goldbarren am Ufank, me de Kinnek huet gemengt datt hien en Deel vum Gold duerch en aanert méi bëllegt, Material ersat huet. Den Archimedes sollt dat beweisen.

Den Archimedes huet laang no enger Léisung gesicht an enges Daags, wou en sech an d’Buedbidde gesat huet, an d’Waasser iwwergelaf ass, ass him d’Idee komm: „HEUREKA!“ (griech: ech hunn et fonnt) huet hien du gejaut!


Wann d’Kroun aus engem anere Material ass wéi Gold kann de Volume vun der Kroun net dee selwechte sinn, wéi de vum pure Goldbarren. Doduerch ännert och den Opdriff am Waasser. Hien huet d’Kroun nach emol ënner Waasser gewien an huet festgestallt datt d’Kroun am Waasser manner gewien huet wéi de Goldbarren.


D’Material war also een anert. An de Goldschmatt gouf gehaangen.

 

 

Lauschtert hei nach emol den Extrait aus dem Wencke sénger Sendung:

You need Flash to view this content

 

Hudd dir eng Fro ? Da stellt se dem Mister Science op science@eldoradio.lu

Alternative content



Last Played Songs

NO DOUBT

Gwen Stefani
Buy
19:21

BAG RAIDERS

Way Back Home
Buy
19:00

MANDO DIAO

Down In The Past
Buy
18:56

RIHANNA FEAT. CALVIN HARRIS

We Found Love
Buy
18:52

NATALIE IMBRUGLIA

Torn
Buy
18:41