Mister Science
Sinn am Béchsenuebst iwwerhaapt nach Vitaminnen dran?

An de Béchse laachen engem ëmmer agemaachte Kiischten a Pijen entgéint! Mee sinn déi iwwerhaapt gesond? Do sinn dach bestëmmt net méi vill Vitaminnen dran!
Et sinn der nach dran me net méi vill! Dat Uebst gëtt jo fir d’éischt gekacht ier et agemaach gëtt, an do leide verschidde Vitaminnen natierlech dorënner. Dat Uebst ass jo och dack geschielt, an an der Schuel verstoppe sech dack déi meeschte Vitaminnen. Jee nom Hierstellungsprozess verléiert een esou 60-90% vun de Vitaminnen.
Et geet also näischt iwwer frëscht Uebst!
Ah, opgepasst! Och a frëschem Uebst fänken d’Vitaminnen u futti ze goen soubal et gepléckt ass. A wann d‘Uebst scho gepléckt gëtt ier et iwwerhaapt zeideg ass, sinn souwisou scho manner Vitaminnen dran. Dann trëllt et nach deeglaang am Lager rondrëm, mécht mam Fliger den Tur rondrëm d’Welt, trëllt nach e puer Deeg am Buttek oder bei dir doheem, a wann’s de et da schlussendlech ëss, dann hunn déi meescht Vitaminne sech och schonn a Loft opgeléist!
Wow! Domat hat ech elo net gerechent! Et gëtt also näischt Besseres wéi en Apel frësch vum Bam!
Jo, mee lo de Wanter an och am Summer sichs de awer vläit laang Apel deen um Baam hängt! An ëmmer dat selwecht Uebst iesse bréngt et och net, do sinn ni all Zorte vu Vitaminnen dran déi mer brauchen. Eng gutt Alternativ wier awer gefruerent Uebst!
Mee dat gëtt jo blanchéiert? Dat verléiert seng Vitaminne jo dann och!
Mee an dësem Fall gëtt d’Uebst meeschtens réischt gepléckt wann et zeideg ass an op der Plaz verschafft an agefruer. Grad esou wéi d’agemaachten Uebst!
Ausser dass et Mätsch gëtt wann et entdeet! Also net immens fir an den Tutti Frutti, mee perfekt fir e Smoothie ze man! J
Zousätzlech Informatiounen:
|
|
|
|
|
|
|
|
|
| Wéi heescht se? |
| Wat mécht se? |
| Wou fannen ech se? |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
| Vitamin A |
| - Zellregeneratioun |
| Pampelmuss |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
| Vitamin B1 |
| -verwandelt Kuelenhydrater an Energie |
| Dattel |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
| Vitamin B5 |
| -Verschaffe vu Liewensmëttel |
| Dattel |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
| Vitamin B9 |
| -Formatioun vu roude Bluttkierpercher |
| Päerdsbier |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
| Vitamin C |
| -Schutz vun den Zellen |
| schwaarz Kréischel |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
| Vitamin D |
| -Opnam vu Calcium a Magnesium |
| / |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
| Vitamin E |
| -Schutz vun den Zellen |
| Päerdsbier |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
| Vitamin K |
| -Bluttgerënnung |
| Päerdsbier |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:
Déi richteg Lagerung vun Uebst a Geméis huet schon méi wéi engem Kappzerbrieches bruecht. Net nëmme fir d’Vitaminnen an aner Nährstoffer besser ze konservéieren, mee och fir de Faulungsprozess ze bremsen. D’Uni vu Louvain an der Belsch huet zesumme mam Synchrotron vu Grenoble a Frankräich (ESRF) erausfonnt firwat Äppel sech méintelaang halen a Bieren no kuerzer Zäit ufänke mat faulen. An zwar läit den Ënnerscheed an der Manéier wéi d’Zellen „ootmen“, also wéi se hire Sauerstoff kréie fir z’iwwerliewen. Des Fuerschungsresultater erméiglechen den Uebst- a Geméishändler an der Tëschenzäit fir hier Wuer méi spezifesch ze lageren an eis esou méi frëscht Uebst ze liwweren.
Fuerschung zu Lëtzebuerg:
Och wa genuch Vitaminnen am Béchsenuebst sinn, hunn d’Veraarbechten an d’Konservéiere vun dëse Liewensmëttel e groussen Impakt op eis Gesondheet. D’Uebst ass zum Beispill am Sirup agemaach a kann zu Iwwergewiicht féieren.
De CRP Gabriel Lippmann huet e ganzt Departement „nutrition et toxicologie“ dat sech fir Theme wéi zum Beispill den Impakt vu fäerdeg preparéierte Menüen op eis Gesondheet an den Zesummenhang tëscht eisem Liewensstil an eisen Iessgewunnechten, interesséiert a probéiert Léisunge fir des Problemer auszeschaffen.
Linken :
Zellotmung : http://www.esrf.eu/news/general-old/general-2008/fruit/
Uni vu Louvain : http://www.uclouvain.be/
ESRF : http://www.esrf.eu/
Nutrition et toxicologie : http://www.lippmann.lu/index.php?id=293
CRP Gabriel Lippmann : http://www.lippmann.lu/index.php?id=1
Quellen:
Vitamin Chart: http://www.healthalternatives2000.com/vitamins-nutrition-chart.html
Nutritional comparison : http://ucce.ucdavis.edu/files/filelibrary/1214/36518.pdf
Vitamins, minerals and supplements : http://www.netdoctor.co.uk/health_advice/facts/vitamins.htm
Canned vs. Fresh : http://www.fitday.com/fitness-articles/nutrition/healthy-eating/canned-vs-fresh-fruits-and-vegetables.html
Weider Artiklen
![]() | 9. Mee 13:42 Firwat si Spannennetzer esou besonnesch ? |
![]() | 25. Abr 14:31 Wou kommen di Straifen um Himmel hier ? |
![]() | 11. Abr 13:49 Firwat geet engem d’Hingerhaut eigentlech aus? |
![]() | 28. Mär 14:56 Firwat gesinn ech eppes Gieles giel? |
![]() | 14. Mär 14:50 Wat giff geschéie wann ech an e schwaarzt Lach giff falen? |
![]() | 27. Feb 14:02 Wéi eng Faarf huet den Äisbieren hier Haut? |
![]() | 10. Feb 14:14 Firwat kritt e vum Alkohol esou en decke Kapp? |
![]() | 1. Feb 11:58 Sinn am Béchsenuebst iwwerhaapt nach Vitaminnen dran? |
![]() | 18. Jan 10:22 Wéi entstinn eigentlech Äisblummen? |
![]() | 21. Dez 14:26 Wéi funktionéiert e Gummi? |
Alternative content























