10.02.2012, 12:20 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.02.2012, 12:28
Am Summer ass et souwäit: dann soll deen neien 4. Studioalbum vun der britescher Rapperin M.I.A. eraus kommen. Produzéiert, wéi een et vum MIA gewinnt ass, gouf dësen neien Album nees op deene verschiddenste Plazen an och vun enger ganzer Rei vu Produzenten. Mee wéi gesot: e puer Méint mussen mer nach Gedold hunn, bis dohin wëllt d’MIA eis d’Zäit awer scho mat engem neien Mixtape verséissen. Dorop ze fannen ass ënner anerem den Titel "Bad Girls".
Een neien Numm kann heiansdo vill bewierken. Di Londoner Synthie-Pop-Band Official Secrets Act konnt virun zwee, dräi Joer zwar e puer Kritiker iwwerzeegen, richtegen Erfolleg haten d’Museker awer net. Also hunn si kuerzerhand de Bandnumm geännert-: si nennen sech lo „Citizens!“, hunn den Alex vun Franz Ferdinand als Produzent an d‘Boot geholl an hunn nach deemno, vu fir ugefangen. Sou kruten si och ee Kontrakt beim ugesoten franséischen Label Kitsune. Den zweeten Ulaf war deemno e vollen Erfolleg. An dass deen och verdéngt ass, weist lo hir aktuell Single "True Romance": D’Lidd ass iwwregens och um Debütalbum vun de Citizens!, deen am Mee eraus kënnt.