Net agelogged Newsletter | Login

Animateur-Bloggen

London Calling mam Serge Reuter

Share on Myspace
« Hannescht op d'Iwwersiicht vun den Animateuren

London an de Reen

14.05.2012, 08:13

© Photo by DAVID ILIFF. License: CC-BY-SA 3.0

Et gëtt wuel keen Thema iwwert dat ee mat all Mënsch esou gutt schwätze kann, wéi iwwert d'Wieder. Jiddereen huet eng Meenung dozou an all Mënsch ass sech eens, dass et ëmmer einfach vill ze vill reent. Virun allem eng Staat kennt bei dëser Diskussioun besonnesch schlecht ewech, nämlech London. Wann een ob London geet, da muss een säi Prabbeli mathuelen! Dat weess all Mënsch.

Ëmsou iwwerraschender ass et wahrscheinlech fir vill Leit ze héieren, dass London a grouss Deeler aus Groussbritannien säit ë puer Méint offiziell ënnert Dürre leiden. Dat heescht, dass Waasser gespuert muss ginn an een dohier zb netméi mam Gaardeschlauch netzen dierf. Och an der britescher Haaptstad gëllen dës Restriktiounen an dohier bleiwen och sämtlech Sprangbueren, wéi zum Beispill deen um berühmten Trafalgar Square, am Moment ausgeschalt. "Zum Gléck" huet et déi läscht dräi Wochen bal all Dag gereent an och den Abrëll gëtt vun de Meteorologen als deen naassesten Abrëll vun allen Zäiten gehandelt.

Lauschtert hei de Reportage:

You need Flash to view this content

 

Doropshin goufe virun e puer Deeg dës Restriktioune fir e Groussdeel vun de Gebitter  a Groussbritannien opgehuewen, mä London bleift weiderhin betraff.

Wann een awer d'Statistike kuckt, sou gesäit et guer net esou schlecht aus fir déi britesch Haaptstad. Zu London fält nämlech am Joer duerchschnëttlech effektiv däitlech manner Nidderschlag wéi zum Beispill zu Paräis, Bréissel oder Dublin. Och Lëtzebuerg gehéiert zu de Spëtzereider a punkto Reen a gëtt bei den Haaptstied a Westeuropa just nach vun Amsterdam getoppt.

Serge Reuter - www.sergereuter.com - Twitter: @SergeReuter

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 > »

« Hannescht op d'Iwwersiicht vun den Animateuren

London

Serge Reuter
Alter
24
On Air
Lieblings Lidd
  • Heartbreaker - MSTRKRFT feat. John Legend
Lieblings Album
  • O - Damien Rice


Alternative content