Net agelogged Newsletter | Login

Animateur-Bloggen

London Calling mam Serge Reuter

Share on Myspace

Bei de BRITS am Publikum

22.02.2012, 14:58 - Fir d'lescht aktualiséiert: 22.02.2012, 15:49

Gëschter waren se also: D'BRIT Awards 2012! Wéi ëmmer goufen et déi eng oder aner Iwwerraschung awer natierlech och e klengen Skandal - sou wéi sech dat fir eng anstänneg international Veranstaltung gehéiert. Mee niewent all de Stars ass et och als Normalstierflechen méiglech bei der Präisverleihung derbäi ze sinn. Mat der richteger Kreditkaart a genuch Penner drop kann een sech eng vun de Platzen am ieweschten Block vun der Arena kaafen.

Ech hat déi grouss Chance dëst Joer een vun den Ticketen ze ergatteren a konnt dun live bei de BRIT Awards 2012 derbäi sin. Obwuel d'O2 Arena natierlech grouss ass, ass se nach laang net sou riesech wéi se an der Telé ëmmer riwerkennt - an dat obwuel ech an der zweetleschter Rei sutz!

Lauschtert hei de Reportage:

You need Flash to view this content






Fir dass herno alles sou ofleeft wéi dat geplangt ass, hu mär virun der Show emol fir d'éischt missen Applaus üben. Mee anscheinend waren mär net ganz esou gutt wéi se dat vun eis erwaard hunn, well permanent gouf zousätzlechen Applaus iwwert Band bäigemëscht.

D'Optrëtter waren zimlech ofwiesslungsräich - och an hirer Qualitéit. Den Highlight war op jidder Fall d'Performance vum Florence + the Machine direkt am Ufank vun der Show. Och d'Adele huet, natierlech wéi ëmmer, eng grandios Leeschtung geliwwert. Am Géigesaz dozou hunn sech d'Rihanna an den Noel Gallagher schwéier gedoen d'Téin ze treffen. Dass ech mat der Meenung net alleng war gouf mär doduerch bestätegt, dass besonnesch vill Leit während deenen Optrëtter op d'Toilette verschwonne sinn.




Déi grouss Iwwerraschung war definitiv den Award fier d'Lana Del Rey als déi beschten Newcomerin. An eemol stoung och den George Michael op der Bühn. Nodeems de Sänger d'läscht Joër eng schwéier Longenentzündung hat, gouf hien mat Standing Ovations geéiert.

DE Skandal schlechthin war awer, wou d'Adele a senger Ried ënnerbrach gin ass, nëmmen fir dass Blur hiren 15 Minutten laangen Medley spille konnten.De Public war domadder guer net averstanen an huet zimlech haart gepaff. Leider huet een dovunner op der Tele net besonnesch vill matkrut a wéi dat näischt gehollef huet, si vill Leit einfach geflücht - wat hinnen net ze veriwwelen ass, well wann een net grad hardcore Brit-Pop Fan ass, huet een vläit grad mol een vun de Lidder vu Blur kannt.

Trotz dem onzefriddestellenden Schluss war et ë gelongenen Owend a fir mech war et definitiv net déi läschte Kéier bei de Brit Awards!

Serge Reuter - www.sergereuter.com - Twitter: @SergeReuter


Är Commentairen

Numm:
E-Mail:
Text:

D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
14. Mee 08:13  London an de Reen
2. Mee 09:23  Sécherheet während Olympia
23. Abr 00:02  Zombies in London
16. Abr 08:28  Harry Potter
10. Abr 07:46  Olympia Ouverture
5. Abr 09:00  Téikultur
1. Abr 14:00  Abrëllsgeck - Keen EU Austrëtt
1. Abr 07:00  EU Austrëtt
26. Mär 08:58  London 2012
20. Mär 10:00  Zäitverschiebung
12. Mär 02:15  Lénksverkéier
6. Mär 10:00  Engelbert Humperdinck
27. Feb 09:53  Autonomie fier Schottland
22. Feb 14:58  Bei de BRITS am Publikum
20. Feb 20:26  BRIT Awards 2012
12. Feb 22:31  iPad Kënschtler David Hockney
6. Feb 08:00  60 Joer Queen
30. Jan 10:00  De schifen Tuerm vu London
23. Jan 08:00  The Iron Lady
18. Jan 11:00  Gastronomie an England
9. Jan 08:00  BBC Sound of 2012
1. Jan 21:13  London 2012
27. Dez 08:00  Joëresréckbléck
20. Dez 10:00  Chrëschtdag zu London
19. Dez 08:00  Dem Cameron säi Veto

London

Serge Reuter
Alter
24
On Air
Lieblings Lidd
  • Heartbreaker - MSTRKRFT feat. John Legend
Lieblings Album
  • O - Damien Rice


Alternative content