10.06.2010, 10:02 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.06.2010, 10:05
vum 10.06.2010
Haut léif Leit kucke mer op wat mer eis kennen vu muer un freeën, Erëm op grouss Gesten beim Fussball, virun allem wann e Goal fällt. Huele mer mol déi tippechsten mat duerch. Hand op d’Häerz, mat dee Geste iwwerhaapt, bréngt de Goalgetter e besse méi no e grousse Staatsmann ze ginn, e Feldhär an der Schluecht. Importéiert aus dem Zirkus Manege kennen mer de klassesche Salto oder neierdéngs och de Flic Flac. Hei gëtt et en héijen l’Art pour l’art facteur bréngt awer och de Verletzungsrisiko an d’Luucht. Schéisst een e Goal, leet duerno säin Hand un d’Ouer well en d’Fans héieren blären. Héije Magie Facteur, verwandelt nämlech d’Ouer an en Triichter deen d’Gebläers vun de Fans asammelt, bündelt an als kräfteg Substanz duerch de ganze Kierper aféiert. E Klassiker ass och d’Rudelbildung no engem Goal deen eis weist: Fussball ass en Equipesport. Den Diver ass cool, dee well Fussball e bëssen als Funsportaart presentéieren, am beschten op naassem Buedem ze praktizéieren. Wann een e Goal schéisst kann et och mol vir kommen dass dësen säin Index an den Himmel weist. Héijen Paschtouer Facteur. Ignoréiert komplett Fans, séng Matspiller oder den Trainer mais féiert en ennerlechen Dialog mat enger méi héijer Muecht. De Cornerfändel kann een och no engem Goal erausrappen. Dës Praktik gouf aus dem mëttelalterlechen Turnéierwiesen importéiert. Et gëtt awer och deen deen no sengem Goal viru senge Mannschaftskollegen fortleeft, natierlech alles inszenéiert a gesäit relativ blöd aus. Dee leschte Geste an eisem Blog ass ddann kee wann een e Goal schéisst mais wwann sech der 2 an d’Hoer kréien. Stir u Stir. Héijen John-Wayne-Facteur mat engem symboleschen Duell, et geet meeschtens net méi wäit, äusser et heescht een Zinédine Zidane a Marco Matterazzi.