16.06.2010, 14:30 - Fir d'lescht aktualiséiert: 16.06.2010, 14:33
vum 17.06.2010
En Densden Owend war dee Match, op deen sech d’Fussballwelt schon eng Zäitchen gefreet huet awer zugläich och sech gefrot huet: Wéi wäerten se spillen. D’Brasilianer, d’Sambakicker souwisou, mais och d’Nordkoreaner. De Star vun nordkoreaneschen Nonames huet bei der Nationalhymn gekrasch, dat huet gewonnert awer nach méi de Match a säi Resultat. 2-1…gewënnt d’Weltsélectioun äus Südamerika…nëmmen, géint eng asiatesch Diktatur..Egal, d’Nordkoreaner hu geschafft. Mais wou waren d’Brasilianer. Den 1.Goal, gi mer zou, war schéin. Mais de Räscht. Vill Leit, virun allem Kritiker, ginn dem aktuellen Nationaltrainer dem Carlos Dunga hei d’Schold. Den Dunga well Resultater, keng Ästhetik, schon als Spiller war hien der Meenung dass Fussball en Handwierk ass…keng Konscht. Heen huet déi brasilianesch Sambafussballer, mat vir op dem Robinho soen mer mol erzunn. Mais wëlle mer dat? Also, ech net…ech well gär duerchdriwwen Brasilianer gesinn, net déi di erzunn sinn, well duerchdriwwen, spilleresch frech, kënschtleresch si se am beschten. Bon vläit si se mat sou Zauberer an de fréieren Joeren nie Weltmeeschter ginn, et denkt een un eng Ära vum Zico oder dem Socrates zeréck, déi Brasilianer déi Weltmeeschter gi sinn sinn d’Schaffpäerd, zum Beispill 1994, wou och en Dunga an der Equipe war. Keng Futbol Arte, dofir Effizienz. Mais lo éierlech, wëlle mer léiwer Brasilianer gesinn zauberen oder gewannen? Gutt Fro, oder?