22.06.2010, 11:18 - Fir d'lescht aktualiséiert: 22.06.2010, 11:22
vum 24.06.2010
Normalerweis steet säin Stiermerkolleg Fernando Torres am Fokus vun der Ëffentlechkeet och bei der WM, mais ech widmen mech a ménger kuerzer Zäit am Blog engem anerem. Dem 23 jähregen Jesus Navas. D’Spuenier déi bis elo nach net grouss geglënnert hunn op der WM, hun een an hire Reien dee relativ wäit aus der Roll fällt: de Jesus Navas leit nämlech ënnert chroneschem Verlaangeren un doheem. Kléngt komesch, ass awer vun Dokteren festgestallt ginn. Panikattacken, Schweessausbrech, Angschtzoustänn, alles dat huet en heemgesicht wann en sech ausserhalb vu sénger gewinnter Géigend befonnt huet. Säi Veräin den FC Sevilla huet misste bei Auswäertsmatcher mam Bus ëmmer déi selwecht Streck fueren vir dass de Jesus sech gutt fillt. Mais wat ass säin Doheem? Los Palacios, eng kleng Stad am Süden vu Sevilla. Do wunne séng Famill, séng Frënn, hei fillt en sech gutt, an opwuel en Milliounen verdéngt, wunnt en nach bei séngen Elteren. Wéinst sénger Kränkt ass en als Jugendlechen aus engem Trainingslager fortgelaf, huet bis elo Offeren vu Real Madrid a Barcelona ausgeschloen, well e gelt als ee vun de beschte Spiller an enger vun de beschte Ligen. Lo ass e geheelt, an den spueneschen Nationaltrainer huet net gezéckt en doropshin direkt an d’Equipe ze ruffen. Säi Club an och séng nei Matspiller an der Nationalequipe hëllefen dem Jesus Navas wou et nëmme geet, awer dee schéinste Geste koum vun de Fans bei séngem 1.Lännermatch zu Madrid. Bei sénger Awiesslung gouf et Standing Ovations.