Net agelogged Newsletter | Login

Musek ouni Grenzen

Musek ouni Grenzen

26.04.2010, 15:51 - Fir d'lescht aktualiséiert: 28.09.2011, 10:36
Share on Myspace

Musek verbënnt! Firwat also net emol kucken, wat an den direkten Nopeschlänner wierklech „hot“ ass? Wat ass hip tëscht Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg

(version luxembourgeoise)   (deutsche Version)    (version française)

Musek ouni Grenzen, all Sonndeg vu 19h bis 20h op Eldoradio

 

Et ass scho komesch, dass Europa ëmmer méi no zesummeréckelt, Grenze bal net méi existéieren, an een awer net weess, wat an den däitschen oder franséische Charts esou in ass.

Et fiert een an Däitschland oder a Frankräich Shoppen, a kaum betrëtt een en anert Land, a schon héiert een deels komplett aner Musek am Radio.

 

Et gëtt also héich Zäit, musikalesch, kulturell an a Saachen Events mol iwwert den Tellerrand ze kucken.

d`Bine

d`Wencke

D’Bine vu bigFM an d’Wencke vun Eldoradio presentéieren ofwiesselnd all Sonndeg Owend, vu 19h bis 20h, déi nei Show „Musek ouni Grenzen“, op bigFM an op Eldoradio! 

Déi zwou Partyqueens aus der Groussregioun verroden iech op däitsch an op lëtzebuergesch, wéi eng Partien dass een op kee Fall verpassen dierf, wien d’Charts an de Nopeschlänner stiermt, a wéi eng Newcomer geschwënn a ganz Europa eng Well maachen! 

Wann är Band et ka färdeg brengen d’Groussregioun ze rocken, wann’s du en Highlight entdeckt hues, oder wann’s du Froën hues, da mail eis: musekounigrenzen@eldoradio.lu

 



Weider Artiklen

26. Abr 15:51
Musek ouni Grenzen
25. Abr 15:22
Musique sans frontières - version française

Alternative content

Ëmfro

De Marathon 2012 an der Stad. Sidd der derbäi?

  • Jo, ech lafen de ganzen Marathon mat
  • Jo, ech lafen de Semi mat
  • Jo, ech lafen an der Staffel mat
  • Ech lafen net mat mä ginn kucken
  • Nee, ech hunn näischt mam Marathon ze dinn