Ophalen mat fëmmen: Si hunn et gepackt !

Et ass den 31. Mee haut, dat ass schonns Jorelaang den weltwäiten Dach géint den Tubak. Nach ëmmer stierwen all Joers weltwäit bal 6 Mio Mënschen um Tubak.

Leschten Update: 31.05.2012, 14:01:51

D'Sarah, den André an d'Nancy sinn nëmmen dräi vun den villen neien Net-Fëmmerten

An dofir gëtt et ob dësem Dag weltwäit och Campagnen géint d’Fëmmen. Mee net zu Lëtzebuerg. Do gëtt et nämlech des Kéier keng Campagne déi mam béisen Fanger op d’Fëmmerten weist, mä deenen Leit gratuléiert dei et fäerdeg bruecht hunn opzehalen mat fëmmen.

Wei d‘Sarah dat ganz frei mat 13 Joer ugefangen mat fëmmen fir deemools cool ze sinn. Vun haut op muer huet hat no jorelaangem fëmmen opgehalen. An et huet geklappt, 2461 Deeg ass hatt schonns ouni Zigarette.

Stolz opgehalen ze hunn ass och den André, deen ëmmer anerem fir seng Kanner opgehalen huet an lo mol d’Virdeeler erkennt dei een als Net-Fëmmert huet.

Och den Edy deen 18 Joer laang gefëmmt huet an zum Schluss 3 Päck den Dag eidel krut. Bis seng eelsten Duechter op d’Welt koum an hien d’Decisioun geholl huet.

D’Tania huet lo 6872 Deeg hannert sech ouni ze fëmmen. Och fir hatt war et schwéier, virun allem wann et owes mat Kollegen erausgaangen ass.

 

En Patentrezept fir opzehalen gëtt et net, déi meescht hunn ouni Ersatzmëttel wei Patchen oder ähnleches gestoppt. Einfach wär et net gewiescht soen se alleguer, mä wann een et wierklech well dann kinnt jiddereen et. Firwaat net haut um weltwäiten Anti-Tubak-Dag.