Wettskandal: An Italien, mä net nëmmen do, gëtt gefuddelt!

Kuerz virun der EM gouf d'Fussballwelt nees vun engem Wettskandal gerëselt. Net nëmmen an Italien, mä international gëtt massiv gefuddelt.

Leschten Update: 08.06.2012, 13:07:57

© afp

De Bal rullt a Polen an der Ukraine.

D’Fussball-Europameeschterschaft ass en grousst Fest, mä et ginn awer och kritesch Stëmmen.

Zum engen ass d’Gaaschtland d’Ukraine net onëmstridden, zum aneren huet awer och en Wettskandal an Italien d’Fussballszene gerëselt.

International Staren, grouss Vedetten, stinn an der Kritik, 19 Leit goufen inculpéiert, 13 Spiller sëtzen carrément an Untersuchungshaft.

Reprochen ginn ënnert anerem géint de Kapitän vun Lazio Roum, de Stefano Mauri. Hien ass an der Tëscht aus dem Prisong eraus, steet awer ënner Hausarrest. An ass et och kriddeleg, dass den Gianluigi Buffon, d’Nummer 1 bei den Azzuri op d’Mannst mol selwer gewett huet, wéi en Weltmeeschter.

De Wettskandal am Fussball ass awer keen italieneschen Phänomen - mä en internationalen.

Lauschtert hei de Reportage vum Paul Konsbruck :