
No engem Joer Paus wärt och de 'Power Tower', mat 66 Meter Faal-Héicht den héchsten mobilen Free-Fall-Tower vun der Welt nees op der Fouer sinn.
Alles an allem sinn et 184 Spiller, Friëssbuden oder soss Stänn um Glacis. Elleng an der Allée Schaeffer sinn et der 100.
Genee wéi zejoert daueren d' fräi Nuechten, vun deenen et der nees 6 Stéck wäerten ginn, bis 2 Auer nuets.
D' Stad Lëtzebuerg wärt dëst Joer och Waasserbornen opstellen, wou een gratis Waasser kann zapen an drénken. Uechtert d' Stad goufen jo och schonns esou Bornen opgeriicht.D‘ Fouer 2012, déi 672. an der Geschicht, dauert jo bis den 11ten September.
Lauschtert hei nach eemol de ganze Reportage: