Demande d'Emploi online schécken

Traditionell Betriber hunn am leifsten wann ee seng Demandë mat der Post schéckt. Déi méi modern Sociétéiten fannen ëmmer méi gefalen un der mail.

Leschten Update: 20.08.2012, 12:05:35

Déi schéinsten Handschrëft, mat suergfalt geschriwwen, a beim klengsten Schreiffeeler rëm vu fir ugefangen. Wivill Pabeier ass sou an Dreckskëscht gewandert beim Demandë schreiwen. Lo wou een seng Demandë och kann online schécken, huet een et méi einfach beim Tippen. Trotzdem ginn et puer regelen ob déi een oppassen sollt.

Lauschtert hei: