Skurril Apple-Fakten

Bei Apple erfënnt een nei Geräter och gäre mol um Kichendësch. Dës an aner Anekdoten goufen am Patentprozess mat Samsung bekannt.

Leschten Update: 23.08.2012, 11:42:48

Dee spektakuläre Patentsträit tëscht  Apple a Samsung geet op en Enn. Di zwou Firmen beschëllegen sech géigesäiteg , vun deem aneren ofgekuckt an domat Patenter verletzt ze hunn. Am Prozess goung et awer net just ëm technesch Feinheeten. Topmanager vun Apple hunn och zum Deel skurril Informatiounen verroden.

Lauschtert hei de Reportage: