FSMFir eng Trennung vu Kierch a Staat

D'Kierch vum "Flying Spaghetti Monster" ass elo definitive och hei zu Lëtzebuerg ukomm. Mat enger Petitioun soll d'Relioun dann elo unerkannt ginn.

Leschten Update: 08.06.2016, 08:06:54

© Marty Melville / AFP

Reliounsparodien gëtt et schonn zënter laangem… Virun allem an den USA gouf mat der Sekulariséierung natierlech och dëse Phänomen séier verbreet. "Russell's Teapot", "Last Thursdayism" oder "Invisible Pink Unicorn" sinn nëmmen e puer Beispiller vun Parodien, déi natierlech virun allem déi unerkannten monotheistesch Reliounen op d’Schëpp huelen.

Déi wuel bekanntsten Witzrelioun ass wuel zimlech sécher Relioun vum Flying Spaghetti Monster, déi et jo och zu Lëtzebuerg gëtt. An elo wëllen déi och zu Lëtzebuerg unerkannt ginn… 

Dräimol 6, also d’Nummer vum Däiwel, wéi jo vill Leit mengen… Ma genee dat ass d’Nummer vun der Petitioun, fir der Kierch vum Spaghettismonster eng offiziell Unerkennung hei zu Lëtzebuerg ze ginn. AN wéi den Zoufall, oder wuel éischter d’Spaghettismonster et wëll, ass dës Petitioun dann och den 6. Des 6. 2016 online gaangen. Ongleeweger schwätzen hei vun Infiltratioun an der Chamber…

Nodeems d’lescht Joer d’Fro jo aus dem Referendum gestrach gouf an Reliounsgemeinschaften an de Staat eng Konventioun haten, wollt natierlech och d’Spaghettismonster-Kierch eppes vum Kuch ofkréien. 7,5 Milliounen Euro géifen d’Pastafari-Memberen bei enger Unerkennung kréien. Allerdéngs géif een drop verzichten, wann och déi aner Reliounen dat sou maachen. 

Natierlech huet dat ganzt en eeschten Hannergrond an deen ass et drop opmierksam ze maachen, dass an sech déi konventionell Reliounen genau sou berechtegt oder eben vläicht och onberechtegt sinn, wéi déi vum Pastafarismus. 

Iwwregens huet een näischt géint Spaasreliounen wéi dat rosat onsiichtbart Einhorn oder dem Russel seng Téikan... Et ass een eben tolerant an oppen bei den Pastafarien. Iwwregens ass een kloer fir eng Trennung vu Kierch a Staat, wéi elo an engem Communiqué präziséiert hunn. Do kann een jo just nach zoustëmmen a „Ramen“ soen. 

Lauschtert hei de komplette Reportage: