Skatepark PéitrussE Freideg geet den Skatepark offiziell op

2500 Quadratmeter wäerten den Skater, BMX-Fuerer a Co. vun dësem Weekend un zur Dispositioun stoen. Och Workshopen an Demonstratiounen wäerten et ginn.

Leschten Update: 19.07.2016, 13:23:15

© vdl

Fir vill Leit ass de Weekend a ganz besonnesche Moment, well dann endlech deen neien Skatepark beim Péitrussdall fir de Public offiziell opgeet.  Am Kader vun dëser Ouverture wäert et dann e Freideg och eng ganz Rei un Skate-Demoen, Workshopen an Contester ginn. 

Um 11 Auer geet den offiziellen Deel vun der Aweiung un, dat an der rue Saint Quirin, am Péitrussdall, der neier „Place to be“ fir Skater, BMX- oder Rollerblades-Fuerer. Hei wäerten et dann Rieden vun ënnert anerem der Buergermeeschtech Lydie Polver an dem Viviane Loschetter ginn.  Dono gëtt et dann eng Demonstratioun. 

Och wann et vun kuerz no 11 Auer un Demonstratioune op der Piste ginn, ass se awer am Prinzip och schonn fir déi aner Fuerer op. An hei huet een dann schonn eng anstänneg Surface.

D’Iddi koum aus der Zeene selwer, dat a Form vun enger ASBL déi sech gruppéiert hat, der ASBL „Skatepark.lu“. Dunn gouf eng Demande un d’Stad Lëtzebuerg gestallt, fir eben sou e Park dierfen ze bauen.  An dat war ufanks net sou einfach.

Vun Ufank bis zum Schluss sinn am ganzen iwwregens esou 8 Joer vergaangen.