Suicide-Precautioun um Viaduc?!Stëmmen no Schutz gi méi haart

Nodeems den neie Skatepark an der Péitruss opgaangen ass, gëtt e Suicide-Schutz um Viaduc gefuerdert, fir ze verhënneren dass Leit erof an d'Dall sprangen.

Leschten Update: 09.09.2016, 07:32:36

© skatepark.lu

Den 22. Juli dëst Joer huet an der Péitruss an der Stad jo de fonkelneie Skatepark opgemaach.

Zanterhier komme bei guddem Wieder ganz vill Leit dohi fir mam Skateboard, de Rollschung oder soss eppes dat Ganzt ze benotzen, oder fir just no ze kucken.

Ma de leschte Samschdeg koum et zu engem Tëschefall, dee schonn méi laang gefaart gi war. Eng Persoun huet sech nämlech suicidéiert andeems se de Viaduc erofgesprongen a quasi direkt nieft dem Skatepark opgeschloen ass. Dat Ganzt gouf direkt vun enger ganze Rëtsch un Zeie gesinn, dorënner ganz vill Jonker.

Ze gesi wéi eng Persoun sech suicidéiert, ass näischt wat een muss erlieft hunn, mä leider besteet dee Risiko, wann een an der Péitruss ënnerwee ass, an dofir misst onbedéngt eppes uewen um Viaduc installéiert ginn, dass een net méi esou einfach kéint erof sprangen, fënnt den Dan Gantrel, Mat-Bedreiwer vun der ASBL skatepark.lu, dee sech Suerge mécht, well et eben zu genee esou engem Suicide-Fall de leschte Samschdeg koum.


Vun engem Gelänner ass rieds oder engem Netz, fir ze verhënneren, dass ee kann erofsprangen oder eppes erof geheien, vläit nom Virbild wéi der Rouder Bréck iwwert dem Pafendall. Aus Precautioun a fir Leit Biller ze erspueren, déi nëmme ganz schwéier aus dem Kapp ze kréie sinn.

D’Bréck gehéiert jo dem Staat, also misst d’Ponts et Chaussées reagéieren, wat mer och esou aus der Stader Märei gewuer gi sinn. Sécherlech huet hei och d’Stad Lëtzebuerg selwer awer eng Verantwortung ze droen...

Links