Start Up Corner2 jonk Entrepreneuren lancéieren de "FOX Premium Pils"

2 jonk lëtzebuerger Entrepreneren hunn dëst Joer een neie Béier lancéiert: de FOX Premium Pils" - deen éischte low carb-Béier um lëtzebuerger Marché

Leschten Update: 29.09.2016, 08:01:05

Di 2 jonk Entrepreneuren Pit Beck a Catherine Hoffmann hunn am Abrëll dëst  Joer d’Firma "Fox Beer Sàrl“ gegrënnt. “Fox Premium Pils” nennt sech hire Produit – deen 1. Béier zu Lëtzebuerg mat ganz wéinegen Kuelenhydrater, wéineg Kalorien an ouni Zocker.

D’Rezept ass zesumme mat der Fuerschungsbrauerei Weihenstephan an Däitschland entstanen. Fir den den Design sinn d’Entrepreneure selwer responsabel.

Den Numm "FOX" soll d'Identifikatioun mam Grand-Duché ënnersträichen  a inspiréiert sech um Michel Rodange sengem Roman "de Renert" , vrun allem awer um Motto vun den 2 Entrepreneuren: "Du bass e Fuuss wanns de eise Béier drénks".

D'Lëscht mat de Points de Vente fannt der hei: LINK: https://foxbeer.lu/

Hei kënnt der de Reportage lauschteren:



Sidd dir och eng Start-Up a wëllt iech op Eldoradio presentéieren, da mellt iech per Mail: startup@eldoradio.lu