Start Up Corner"Ouni" - Déi 1. Bio-Epicerie ouni Verpackungen zu Lëtzebuerg

An der Rue Glesener op der Gare mécht am November déi 1. Bio-Epicerie ouni Verpackungen hir Dieren op.

Leschten Update: 04.10.2016, 16:35:12

Am November geet am Garer Quartier eng nei Epicerie op. Si nennt sech „Ouni“, verkeeft Bio-Produiten a funktionéiert ganz ouni Verpackungen. Verkaaft ginn all Zorte vu Produiten déi een am Alldag brauch. D.h. vun Mëllechproduiten iwwer Uebst a Geméis bis hin zu Botzmëttelen an Hygiène-Artikelen.

An der Rue Glesener op der Gare mécht d'Epicerie "Ouni" am November hir Dieren op - am fréiere Lokal vum Restaurant Mère Nature. D'Epicerie ass op vu Méindes bis Samschdeg an dat vun 10h-20h/respektiv 17h.

Lauschtert hei de Reportage:




Sidd dir och e Start Up a wëllt iech op Eldoradio presentéieren, da mellt iech per Email: startup@eldoradio.lu
Links