Book LookNora Wagener: Larven

Eng Sammlung vu raffinéierten Texter, déi ee mat Gewënn liest, wann een hir Poesie op sech wierke léisst.

Leschten Update: 28.11.2016, 07:37:30


D’Nora Wagener entpuppt sech ëmmer méi als literareschen Allrounder. No engem Roman, engem Erzielband, engem Theaterstéck an zulescht engem Kannerbuch huet déi villsäiteg a villfach ausgezeechent Schrëftstellerin elo eng Collectioun vu kuerze Geschichte virgeluecht.

D’Buch ass bei Hydre Editions erauskomm an heescht „Larven“. Dat däerf een als Hiweis op d’Maske verstoen, hannert deenen sech der Nora Wagener hir Protagoniste verstoppen. D’Majoritéit vun de 16 Prosa-Miniaturen, déi extra fir dës Editioun iwwerschafft goufen, weise Mënschen, déi um sozialen Drock an net zulescht u sech selwer leiden, Mënschen, déi an hire familiären a kollegiale Relatiounen iergendwann déi gemeinsam Sprooch verluer hunn. Zwar kënnt et tëschent de Personnage heiansdo nach zu flüchtege Beréierungen, awer déi verdäitlechen am Endeffekt nëmme wéi isoléiert d'Charaktere wierklech sinn.

Ma dës méischichteg an intellektuell erausfuerderend Texter depriméieren de Lieser net. Dat läit virun allem dorun, datt d’Nora Wagener eng fantastesch Imaginatioun an en zimlech spleenegen Humor un den Dag leet. Si ass predestinéiert fir eemol d’Dréibuch fir e gemeinsame Film vum Terry Gilliam a Jeun-Pierre Jeunet ze schreiwen. Nëmme seelen dréit si eng ze déck lyresch Couche u Metapheren a Personifikatiounen op. An deene Momenter fillt een sech beniwwelt wéi an engem Kokon.

Insgesamt gesäit een un dëse Geschichten, datt hir Verfaasserin dem literaresche Larvestadium entschlüpft ass. Et däerf een op déi weider Metamorphose gespaant sinn.

LINK: D'Facebook-Säit vum Book Look