ACELGratis Transport fir alleguerten d'Studenten?

No enger Rei Kritikpunkten am Kader vum ëffentlechen Transport ass d'Studentevertriedung a Gespréicher mat den zoustännege Ministèren.

Leschten Update: 17.12.2016, 10:37:43

© ACEL

Déi gutt al Jumboskaart. Misst jidderengem jo e Begrëff sinn, dee Schüler oder Student ass oder war. Ma wéi et ausgesäit kéint d’Kaart fir mam ëffentlechen Transport ze fuere gläich ausstierwen. D’ACEL ass nämlech am Moment an Diskussioune mat der Regierung, fir iwwert gratis ëffentlechen Transport mat der Regierung ze schwätzen. 

Schonn am Summer koumen déi éischt Kritikpunkte Säitens der Studentevertriedung ACEL, dat well jo vun der Regierung versprach gouf, dass et gratis Transport wäert fir d’Schüler ginn, allerdéngs net fir d’Studenten. Nom Summer gouf dann och nach eppes un der Jumbo-Kaart geännert, nämlech de Maximalalter vun der Jumboskaart, esou de Vizepresident vun der ACEL de Laurent Heyder.

Et wier een sech bei den Entrevuë mat den zoustännege Ministèrë scho méi no komm an et géif och eng gewësse Bereetschaft ginn, fir a Richtung gratis ëffentlechen Transport fir Studenten ze goen. Alles an allem soll et Gesamtpackage ginn, deen och zum Beispill fir Leit déi an enger Leier si soll attraktiv bleiwen.

Konkretes soll et eréischt bei weidere Gespréicher mam Transport an Héichschoulministère ginn, dat am Januar. Detailer ginn et nach keng.

Enttäuscht weist sech d’ACEL dann iwwert d'Petitioun 728 iwwert gratis ëffentlechen Transport. Engersäits souz een als Studentevertriedung net mat op engem Verhandlungsdësch, op der anerer Säit géif dëst just fir Studenten op enger Lëtzebuerger Uni gëllen an net fir Studenten am Ausland. An dat kéint der ACEL no eng Zwou-Klasse-Gesellschaft ervir provozéieren.

Lauschtert hei de kompletten Reportage am Audio mam Laurent Heyder vun der ACEL