WanterRichteg fueren bei Äis a Schnéi

De Wanter ass déi geféierlechst Joreszäit fir Automobilisten. Bei Schnéi an Äis ze fueren ass net ëmmer sou einfach. Den ACL gëtt Tipps.

Leschten Update: 12.01.2017, 07:52:15

Wann et dobausse schneit respektiv d’Stroosse rëtscheg sinn, ginn et ëmmer nees Leit déi net wëssen wéi ee richteg fiert. Déi eng drécken op de Gas an déi aner bremse vill ze kuerzfristeg of an zack ass schonns een Accident geschitt.

Iert een iwwerhaapt fort fiert, muss een den Auto vum Schnéi a vum Äis befreien. An zwar mussen alleguerten d’Fënstere fräi sinn, ee Gucklach geet do net duer, soss kéint et nawell deier ginn wann een erwëscht gëtt. Allgemeng soll ee säi Fuerverhalen de Wiederkonditiounen upassen dat gëllt souwuel fir Schnéi wéi och fir Reen. Dat gëtt jo och dacks genuch um Radio gesot.

Gesäit een dat Schnei gefall ass, sollt een éischter fortfueren respektiv méi Zäit aplangen. Dann natierlech och d’Vitess reduzéieren an och den Sécherheetsofstand vergréisseren an och sou dann d’Gefor besser virausgesinn. Wann dann d’Strooss rëtscheg ass, dann ass de Bremswee natierlech bei deene Konditiounen och méi laang. An och beim Iwwerhuelen sollt ee ganz gutt oppassen. D’Sicht ass dann och ageschränkt, et gesäit ee méi schlecht, dofir sollt een d’Luuchten och kontrolléieren an umaachen. Brüsk bremsen an acceleréieren sollt ee bei deene Konditiounen onbedéngt evitéieren. Och wann et 2 Grad iwwer Null sinn, sollt een oppassen, erkläert de Raoul Roos vum ACL.

Et sollt een och éischter Haaptstroosse notzen well déi meeschtens méi séier vum Schnéi befreit sinn wéi Niewestroossen.

Dat Wanterpneue bei deene Wiederkonditiounen Flicht sinn, misst gewosst sinn. Trotzdem gesäit een ëmmer nees Automobilisten deenen dat egal ass an déi mat Summerpneuen duerch de Schnéi fueren, wat natierlech immens geféierlech ass.