EtudeD'Liewen an der Stad ass méi ongesond

Wéi Fuerscher aus Kanada behaapten, soll d'Liewen an der Stad, speziell no bei Stroossen, d'Gefor vun Demenz erhéijen...

Leschten Update: 11.01.2017, 12:33:39

© KENA BETANCUR / AFP

Vill Leit wunne jo an enger Stad, dat well den Transport einfach ass, een einfach vun A op B kënnt an een och praktesch alles net wäit vun der Hausdier ewech huet. Allerdéngs, an dat wëlle Fuerscher a Kanada elo erausfonnt hunn, soll d’Liewen an der Stad deels zolidd op d’Gesondheet goen!

De groussen Nodeel beim Liewen an der Stad par Rapport zum Liewen am Duerf um Land ass ganz kloer d’Proximitéit zu vill befuerene Stroossen. Ronn 6 Millioune Kanadier goufen iwwert en Zäitraum vun 11 Joer analyséiert an hei ass een op d’Konklusioun komm, dass Persounen déi an enger Stad wunne vill méi heefeg eng Demenz entwéckelen. An de Facteur deen hei ausschlaggebend ass, ass ob een no bei enger Strooss wunnt oder net.

Ganzer 7% méi héich soll de Risk ginn, wann ee manner wéi 50 Meter vun enger grousser Strooss ewech wunnt, bei 50 Meter sinn et 4% an eréischt bei 200 Meter vun enger Strooss ewech, soll de Risk dann net méi héich sinn, wéi um Land zum Beispill.

De Grond fir d’Entwécklung vun enger Demenz ass de Fuerscher no d'Loftverschmotzung, déi duerch d’Ofgase vun den Autoe provozéiert gëtt. Dës géife sech nämlech negativ op d’Gehir auswierken. Och d'Uni zu Lancaster huet dat lescht Joer erausfonnt. Stëbs, grouss Metalpartikelen, sougenannten "Magnetit", sammelt sech nämlech no enger Zäit am Gehir a setzt sech do of.

Fréier Etudë géife weisen, dass d’Quantitéit u "Magnetit" am Gehir an Alzheimer mateneen a Verbindung stinn. Wann een der Etude vertraut an op der Sich no enger zukünfteger Wunneng ass, sollt sech eventuell dann éischter eppes um Land sichen. 

Lauschtert hei de komplette Reportage: