Nei EtudeFirwat schwätze mir eigentlech mat Déieren wéi mat Kanner?

Wann Hondsbesëtzer mat hirem Déier schwätzen, gëtt den Toun oft e bëssen kannerersch. Fuerscher hu lo raus fonnt, firwat dat sou ass.

Leschten Update: 11.01.2017, 13:13:55

© afp

Fuerscher hu konfirméiert dass d’Kommunikatioun mat Hënn oft där mat Bebeën änelt. Dat wier lo nach net sou ongewéinlech, wann et sech just ëm Bebe-Hënn géing handelen.

Mee Mënsche schwätzen och mat erwuessenen Hënn heefeg sou. Si wiesselen an eng méi héich Tounlag a schwätzen besonnesch däitlech- sou wéi si et klassescherweis bei engem Bebe géingen maachen.

Fuerscher ginn dovun aus, dass d’Benotzung vun der Bébé-sprooch ee generellen Impuls ass, wann et drëm geet, mat Déieren ze kommunizéieren, well déi méi op d’Intonatioun an de Rhythmus an manner op de Contenu reagéieren.

Lauschtert hei de ganze Reportage: