Logementsministère6 ëffentlech Konferenzen iwwert de Logement

Den zoustännege Minister Marc Hansen huet fir 2017 6 Konferenzen annoncéiert op deenen de Public Froën zu de Subsiden am Logement beäntwert kritt.

Leschten Update: 12.01.2017, 07:52:59

© eldoradio

Op dëse Konferenzen, déi vum 19. Januar bis den 15. Mäerz ginn wäerten déi politesch Acteuren sur place sinn fir ze weisen wat et alles u Méiglechkeeten an Outil’en am Kader vum Logement scho gëtt an individuell, op d‘Situatioun zougeschnidden, Rotschléi kënne ginn.

Well och nach ëmmer oppe Froën oder Wëssenslücken bei den Hëllefen am Wunnengsbau zu Lëtzebuerg bestinn huet den Logementsminister an dësem Kader och 6 Konferenzen organiséiert op där déi Betraffen explizit Froen punkto Logement an méiglech Bäihëllefen beäntwert kréien.

Déi lescht Joren sinn nämlech eng Rei nei Mesuren gestemmt ginn (Klimabank, energetesch Sanéierung, PRIMe House Reform) vun deene vill Leit, déi dovunner profitéieren kéinte net Bescheed wëssen. 

Op dëse Konferenzen sinn dann nieft dem Marc Hansen och nach de service aides au logement, de fonds du logement, d’AIS (agence immobilière sociale) an d’Steierverwaltung mat eegenen Stänn vertrueden.

Donieft gouf och den „guichet unique“ ugeschwat an hei sot den Minister, datt den Service schonn disponibel ass.

Dat nodeems Enn 2016 de Mesurëpak mat enger Rei Neierungen ugeholl gouf. Den Guichet rassembléiert an zentraliséiert e puer Servicer an hei kënnen dann all d'Froen punkto Wunnengsbau, dorënner méiglech Subsiden, d'Klimabank oder PRIMe House (en Subside deen un d'Energieeffizienz vum Haus gebonnen ass) beäntwert ginn. 

"guichet unique" vum Logementsministère


D’Datumer vun de Konferenzen (ëmmer um 19h00)

19 janvier 2017 à Dudelange – Salle des Fêtes (place de l’Hôtel de Ville);
2 février 2017 à Luxembourg – Centre culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster (28, rue du Münster);
16 février 2017 à Troisvierges – Centre culturel (20, rue de Binsfeld);
2 mars 2017 à Remich – Centre scolaire et sportif Gewännchen (8, rue des Champs);
8 mars 2017 à Mamer – Salle des Fêtes, Mamer Schlass (1, place de l'Indépendance);
15 mars 2017 à Diekirch – Salle des Fêtes (complexe scolaire, place des Écoles 'Stehresplaz').

Lauschtert hei: