"Une goutte pour savoir"Test de dépistage rapide am Zentrum vun der Stad

D'Zuel vun den HIV-Infektiounen ass nach ëmmer héich. Och am Centre Cigale am Zentrum vun der Stad kann een elo een dépistage rapide maachen.

Leschten Update: 12.01.2017, 07:52:19

© AFP/Archives/Noah Seelam

Déi dräi lescht Joer ass d’Zuel vun neien HIV-Infektiounen hei zu Lëtzebuerg relativ stabil bliwwen. Trotz allerlee Informatiouns- a Präventiounskampagnen ass d’Zuel awer nach ëmmer héich.

Fir ze verhënneren, dass sech ëmmer nees Leit ustiechen, ass Opklärung a Sensibilisatioun weiderhin extrem wichteg. Dobäi kënnt awer och de Volet vum Depistage.

D’HIV Berodung bitt een dépistage rapide un, deen an hirem Bureau an der Stad um 96, Boulevard General Patton all Méindes a Mëttwochsowes tëscht 17-19h00 Auer gemaach ka ginn. Nei ass dat een dat och am Centre Cigale an der 3, rue des Capucins all Donneschdeg an der Mëttesstonn tëscht 12 a 14h00 ka maachen. Dat ganzt ass gratis a natierlech anonym. Den Test u sech geet ganz séier, erkläert d’Sandy Kubaj, Chargée de Direction vun der HIV-Berodung beim Roude Kräiz.

Et ass hautdesdaags ouni Problem méiglech fir mat HIV ze liewen an och eng Zukunft ze hunn. Déi aktuell Traitementer erlaben et de Virus esouwäit ënner Kontroll ze hunn, dass en net ausbrécht. Déi betraffe Persoun kann deemno ee ganz normaalt Liewe féieren. Eng vun de Konditiounen ass allerdéngs dass ee weess dass een infizéiert ass an de richtegen Traitement kritt. Wat d'Infektioun éischter diagnostizéiert gëtt, wat och den Traitement méi efficace ass. An do bitt sech den dépistage rapide un.

Wann sech d'Infektioun confirméiert, gëtt direkt op der Plaz eng Bluttanalyse gemaach fir dat positiivt Resultat ze confirméieren. Parallel gëtt och ee Rendezvous bei engem Infektiologe am CHL fixéiert.

Links