HighscoreRocket League gouf am meeschten op PSN erofgelueden

Niewent de Bestseller am Playstation Store, gëtt et och Neies zu engem Netflix-Spill an iwwert gratis Apps um Amazon App Store.

Leschten Update: 12.01.2017, 07:53:07

© youtube

Netflix huet nawell e coole klenge Gimmick entwéckelt, deen ee vun elo un a Form vun engem Spill zocke kann. Hei gouf nämlech e sougenannte Pixel-Endless Runner Spill entwéckelt, bei deem et drëms geet, virum Demogorgon aus Stranger Things fortzelafen, dat ënnert anerem mam Pablo Escobar, dem Star aus Narcos. Mee och Elementer aus "Organge is the New Black" sinn hei erëm ze fannen. Och Soundtracks goufen extra am 8 Bit Style ëmgesat a soll mol guer net esou schlecht sinn.

De Publisher Square Enix huet dann iwwer Twitter bekannt ginn, dass eng Rei vun den Go-Smartphone Spiller wäerte gratis fir d’Fans accessibel sinn. Dat ganzt soll een sech kënnen aus dem AppStore vun Amazon kënnen zéien. Hitman Go, Lara Croft Go an Deus Ex Go stinn also vun elo un hei gratis zur Dispositioun. Dat ganzt ass awer exklusiv fir den Amazon Shop op Android. D'Spiller sollen sech wéi eng Mëschung aus Strategie a Brietspill ufillen.

Sony huet d’Zuelen a Punkto Playstation Store fir 2016 publizéiert an eng Lëscht vun den 20 populäerste Spiller op PSN presentéiert. Egal op an Europa oder a Nordamerika, op der 1 ass ongeschloe Rocket League, e Spill dat et jo Ufanks esou guer fir näischt gouf. An Europa goufen dann dono virun allem FIFA 17, Battlefield 4 a Battliefield 1, dee neien Destiny, GTA 5 an Uncharted 4 gedownloat.

Lauschtert hei déi komplett Emissioun:


D'PSN Bestselleren 2016 an Europa:

  1. Rocket League (PS4)
  2. Fifa 17 (PS4)
  3. Battlefield 4 (PS4)
  4. Battlefield 1 (PS4)
  5. Destiny: Rise of Iron (PS4)
  6. Grand Theft Auto V (PS4)
  7. Uncharted 4: A Thief’s End (PS4)
  8. Need for Speed (PS4)
  9. Minecraft: PlayStation 4 Edition (PS4)
  10. Call of Duty: Infinite Warfare (PS4)
  11. Ark: Survival Evolved (PS4)
  12. FIFA 16 (PS4)
  13. Battlefield Hardline (PS4)
  14. Tom Clancy’s The Division (PS4)
  15. Tom Clancy’s Rainbow Six Siege (PS4)
  16. Hitman (PS4)
  17. The Witcher 3: Wild Hunt (PS4)
  18. Star Wars Battlefront (PS4)
  19. Ratchet & Clank (PS4)
  20. Far Cry Primal (PS4)

D'PSN-Bestselleren 2016 a Nordamerika:

1. Rocket League
2. Battlefield 1
3. Minecraft: PlayStation 4 Edition
4. Call of Duty: Infinite Warfare
5. Tom Clancy’s The Division
6. Grand Theft Auto V
7. Overwatch: Origins Edition
8. Battlefield 4
9. No Man’s Sky
10. FIFA 17
11. NBA 2K17
12. Need for Speed
13. Star Wars Battlefront
14. Rainbow Six Siege
15. Battlefield Hardline
16. Madden NFL 17
17. The Elder Scrolls V: Skyrim Special Edition
18. Uncharted 4: A Thief’s End
19. The Last Of Us Remastered
20. Final Fantasy XV