Kinojoer 2017Dat sinn déi wichtegst nei Blockbusteren!

2016 ass ofgehaakt, d'Kinojoer 2017 ka kommen. An dat schéint ee besonnesch gudde Joergang ze ginn.

Leschten Update: 12.01.2017, 17:11:16

Oscar-Kandidaten erwaarden eis an den éischte Méint an dono spannend Science-Fiction-Blockbuster:

Bei de Golden Globes huet "La La Land" schonn ofgeraumt, lo danzen Ryan Gosling an Emma Stone a Richtung Oscaren. Sophistiquéierte Musical-Drama vum „Whiplash“-Regisseur Damien Chazelle.

„Manchester by the Sea“ weist de Casey Affleck an der Roll vu sengem Liewen: Hien ass selwer zimlech um Enn a muss och nach d’Suergerecht fir säin Neveu iwwerhuelen. Och dëse Film ass ee groussen Oscar-Favorit.

Lauschtert hei de Reportage: