Loscht op Sonn?Ranking: Déi schéinst Plagen!

"National Geographic" kennt sech mat de schéinste "Beaches" op der Welt aus!

Leschten Update: 08.02.2017, 14:13:37

Bei deem depressive Wieder dat mir de Moment hei hunn, wënscht een sech dach einfach op eng flott Plage ënnert bloem Himmel! De Sender National Geographic huet elo déi schéinst Plagen, op deenen een einfach nëmme relaxe wëll oder awer hin an hir spadséieren, an engem Ranking zesumme gefaasst.

Eng kleng Auswiel dovunner kënnt hei:

4. Plaz mécht d'As Catedrais a Spuenien. Hei sti riseg grouss Fielsformatiounen déi u Kathedralen erënneren.


Op 3. Plaz vun deene schéinste Plagen op der Welt, steet d'Pelican Beach a Belize. Ideal fir Schnorchelen ze goen! D'Riff nëmmen e puer Schwammminutten ewech a gehéiert zum Ënnerwaasserschutzgebitt South-Water-Caye.


Déi zweet schéinst Plage ass dem TV-Sender no d'Shell Beach am Weste vun Australien. Besonnesch hei ass, dass sech d'Muschelen eng op där anerer usammelen, sou dass och emol Bierger vun 10 Meter Héicht forméiere kënnen.
© in-australia.com


Op éischter Plaz ass d'Playa del Amor a Mexiko! Eng wonnerschéi Plage déi verstoppt tëscht Fielse läit an nëmmen iwwert en Tunnel ze erreechen ass!
© Wikimedia/Christian Frausto Bernal


Zwar net ënnert den Top 5, mä dofir net manner schéin an am Verglach souguer relativ séier ze erreechen ass d'Corniche a Frankräich! Mat hiren 110 Meter héijen Dünen gehéiert d'Plage zu den héchste Sanddünen an Europa. Besonnesch Kitesurfer kommen hei op hir Käschten.


An och d'Plage vu Noordwijk an Holland ass a Paradäis fir Spadséiergäng. Vun Amsterdam aus ass d'Plage a knapp enger Stonn ze erreechen.