RGTR-BusserNei Horairen an "Echtzäit"

D'Fuerpläng vun 81 RGTR-Buslinnen am ganze Land ginn den 27. Februar geännert. Et wëll een "en temps réel" uweisen wéini de Bus kënnt.

Leschten Update: 18.02.2017, 08:10:10

© eldo

Den 27. Februar ginn - an enger éischter Phase -  d'Fuerpläng vun 81 RGTR-Buslinnen geännert. Op den elektroneschen Panneauen, déi bei den Bus-Arrêten stinn oder am Bus hänken, awer och op den Appen wéi mobilitéit.lu an op Google Maps, gesäit een dann wéini de Bus genee ukënnt, respektiv ob en, a wéi vill Verspéidung en huet. Dat bréngt eng ganz Rei Virdeeler mat sech.

Den Transport- an Nohaltegkeetsminister François Bausch:


Wie kennt et net? Et klëmmt een aus dem Zuch fir dann riwwer bei den Bus ze goen deen engem dann virun der Nues fortfiert, an ëmgedréint. Dat soll et an Zukunft net ginn well de Buschauffer am Bus dann um Ecran affichéiert kritt, wéini den Zuch ukënnt respektiv ob en Verspéidung huet. Esou kann de Chauffer besser ofschätzen wéini en fortfiert. 

An e puer Phasen soll den Telematikssystem am ganze Land progressiv agesat ginn. D’Zil ass et bis Enn Dezember komplett en 'temps reel' ze funktionéieren.

D’Fuerpläng vun de Busser sou wéi mir se haut kennen, wieren net méi zäitgeméiss. Sou huet een decidéiert fir aner Fuerzäitprofiler ze maachen. D'Busser sollen a Spëtzenzäiten anescht fueren. 

Den Alex Kies chargé de direction des transports publics:



Déi éischt Ännerungen an den Fuerpläng concernéiere 44 Prozent vun den RGTR-Clienten a virun allem Linnen am Oste vum Land. Déi 1. Phase ass wéi gesot lo Enn Februar, duerno kënnt déi 2. Phase am Mee, an déi 3. Phase am Dezember. Bis Enn Dezember sollen déi insgesamt 310 Buslinnen un den digitalen Zäitalter ugepasst sinn. 

Broschüren mat sämtlechen Informatiounen zu den neien Fuerzäiten ginn ënnert anerem op den grousse Garen, mä och an den CFL-Guicheten an an  den RGTR-Busser verdeelt.

Déi nei Pläng fënnt een och op mobilitéit.lu oder mddi.lu.