Dramjob10.000 Euro fir am Bett ze leien!

10.000 Euro fir deen, deen et aushält 1 Mount laang am Bett leien ze bleiwen! Et klengt bal ze schéi vir wouer ze sinn...

Leschten Update: 18.02.2017, 18:33:36

30 Deeg am Bett leien an dobäi 10.000 Euro verdéngen?! Wat sech unhéiert wéi den absoluten Dramjob, huet awer en eeschten Hannergrond. Dat Ganzt ass nämlech eng Etude vun der DLR, dem däitschen Zentrum für Luft-und Raumfahrt.

De Service Médical mécht nämlech eng Etude an als Probant huet een do nëmmen eng Aufgab: Absolut Bettrou - an dat ganzer 30 Deeg laang! Do gëtt och keng Ausnahm gemaach. Iessen, sech wäschen an och op Toilette goen, alles geschitt am Bett an am Leien. Ween dat ee Mount aushält, kritt 10.000 Euro!

Dat Ganzt geschitt dann awer net doheem am eegene Bett, mä an engem speziellen Institut wou den Co2-Gehalt an der Loft esou erhéijt gëtt wéi och am Weltall. 30 Deeg laang Videospiller spillen oder Netflix kucken, fält also ewech...

Sënn vun dëser Etude ass virun allem, d'Effekter vun der "Schwerelosigkeit" op den Drock am Gehir an der Verdeelung vun de Flëssegkeeten an eisen Aen ze ënnersichen.

Dat Ganzt soll vu September bis Dezember, ganzer 63 Deeg laang daueren. Wéi seet een ëmmer sou schéin : "Alles im Namen der Wissenschaft!"