Gripp zu LëtzebuergMéi Doudesfäll mä net direkt wéinst der Gripp alleng

Dëst Joer si méi Leit während der Grippesaison gestuerwen wéi soss. An den meeschten Fäll war d'Gripp awer net direkt Doudesursaach.

Leschten Update: 18.02.2017, 12:28:22

© AFP/BORIS HORVAT

D'Grippesaison zu Lëtzebuerg huet am Dezember d’lescht Joer ugefaangen an huet Mëtt Januar hire Pic erreecht. D'Zuel vun den Infektiounen ass am Gaang zeréckzegoen. Dat geet aus der Äntwert vun der Gesondheetsministesch Lydia Mutsch op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Jean-Marie Halsdorf ervir.

D’Zuel vun den Doudesfäll ass dogéint eropgaangen. D'Inspection sanitaire vun der Santésdirektioun huet Mëtt Januar all Woch 120 Stierffäll zu Lëtzebuerg festgestallt. Normalerweis läit d'Moyenne bei 80. Dee Phänome géif een awer all Joers observéieren, heescht et vun der Ministesch.  

D'Stierffäll wieren net direkt op d'Gripp zeréck-ze-féieren, mä éischter op gesondheetlech Problemer vun de Betraffenen, déi sech duerch d'Gripp verschlëmmert hunn. Vun enger Iwwerstierflechkeet wéinst der Gripp kéint een net schwätzen, heescht et an der Äntwert.

Aus enger Statec-Etude vun 2016 geet ervir, dass tëscht Januar 1994 an Dezember 2014 ronn 79.600 allgemeng Stierffäll enregistréiert goufen. Déi meescht Stierffäll waren am Januar, an déi mannsten am September. Sou observéiert een allgemeng am Wanter méi Stierffäll.

2013 loung d’Liewenserwaardung iwwregens bei 84,8 Joer fir d’Fraen an 80,2 fir d’Männer. Zënter méi wéi 30 Joer, ass d’Liewenserwaardung bei de Männer vun 10,2 Joer, a bei de Fraen ëm 8,1 Joer geklommen. Mat der Zäit ass den Ecart tëscht den zwee Geschlechter méi kleng ginn.

Déi heefegst Doudesursaach hei am Land ass eng Häerzkreeslaaferkrankung. 2014 war bal een Drëttel vun all den Doudesfäll drop zréck ze féieren. Déi zweetheefegst Doudesursaach war eng Kriibs-Erkrankung, dovunner waren 2014 méi Männer wéi Frae betraff.