"Vision Van" a Clausen entdecktLiwwert Amazon bei ons elo Päck mat Dronen aus?

E gesäit e bëssen aus wéi wann en aus der Zukunft kéim, an en ass de läschte Weekend hei zu Lëtzebuerg a Clausen gesi ginn. De sou genannten „Vision Van“.

Leschten Update: 21.03.2017, 12:26:05

© Eldoradio

De sou genannte „Vision Van“, gouf de läschte Weekend a Clausen virun der Dier vun Amazon gesinn.

De Van gesäit aus wéi wann en aus der Zukunft kéim. Eng grouss gro Camionnette mat Dronen um Daach, a soss och ganz vill futuristesch Elementer.

Amazon selwer wollt eis op Nofro hinn net verroden, wat een elo domatten genee wëlles huet.

Dëse Konzeptauto jiddefalls huet Mercedes-Benz zesumme mat Matternet am September 2016 presentéiert.

Et ass een Transporter deen Drone starte kann. Dofir ass op sengem Daach eng entspriechend Lande-Plattform integréiert, deen nom aktuelle Stand Plaz fir zwou Dronen huet. Dës kënnen, während de Chauffer vum Camion zum Beispill e Pak bei d’Hausdier bréngt, selbstänneg kleng Päck un Adressen an der Ëmgéigend ausfléien. De Chauffer muss dofir näischt maachen, well de Van kommunizéiert mat Hëllef vun engem Bord- a Cloudsystem mat den Dronen, déi net nëmmen automatesch op d’Zilplaz fléien, mä och automatesch aus der Camionnette beluede ginn, dat mat Hëllef vun engem fortschrëttlechen Lagerungssystem bannent dem Van.

D’Drone senden Daten iwwer Contenu an Zil vun der Liwwerung, sou dass verifizéiert ka ginn, ob d’Liwwerung tatsächlech duerchgeféiert gouf. Matternet setzt dofir seng nei M2 genannten Dronen an. Mat enger voller Charge sollen d’Dronen eng Reechwäit vu 19 Kilometer hunn. Si kënne kleng Päck bis zu engem Gewiicht vun zwee Kilogramm droen.

Matternet soll dem Portal „TechCrunch“ no bis ewell 9,5 Milliounen US-Dollar un Investitiounen agesammelt hunn. D’Konzept vum „Vision Van“ kéint d’Liwwerung vu Päck tatsächlech revolutionnéieren. Engersäits dierft et d’Aarbecht fir de Chauffer vereinfachen, anersäits loossen sech a kuerzer Zäit méi Päck ausliwweren.

Et kann ee jiddefalls gespaant sinn, wat genee Amazon domatten wëlles huet.



© Eldoradio