„World Happiness Report” D'Norweger sinn am glécklechsten

Enger neier Etude no liewen déi glécklechst Mënschen a Norwegen. Lëtzebuerg kënnt am Ranking op di 18. Plaz a verbessert sech domatten.

Leschten Update: 21.03.2017, 12:26:07

© AFP

Zanter 2012 kënnt all Joer de sougenannte „World Happiness Report” eraus, deen oplëscht a wéi engem Land déi glécklechst Mënschen liewen. International Fuerscher hunn eng 155 Länner ënner d'Lupp geholl. Wéi di Jore virdrun hunn alt erëm d'Skandinavier d'Nues vir.

Geet et der Etude no wunnen di glécklechst Leit nämlech a Norwegen. Op der zweeter Plaz leit Dänemark, dat zejoert nach ganz vir war. Mat Island als drëtten a Finnland als fënneften si weider Länner aus dem héijen Norde mat virbäi. Kanada, Neiséiland an Australien op de Plaze 7 bis 9 sinn déi 3 eenzeg net europäesch Natiounen an den Top 10.

Lëtzebuerg fir säin Deel ass net ënnert den Éischten 10, mécht awer 2 Plaze gutt a kënnt an der neier Etude op eng 18. Plaz, direkt hannert der Belsch an Däitschland. Eis franséisch Nopere packen et just op di 31. Plaz. Ganz um Wupp befannen sech Länner wéi d'Zentralafrikanesch Republik, de Burundi oder Tansania. Mat Albanien op der 109. an der Ukrain op der 132. Plaz kënnt awer och dat eent oder anert europäescht Land net esou gutt ewech.

Fir d'Lëscht zesummenzestelle goufen eng Rëtsch Leit an den eenzele Länner befrot an e ganze Koup Critèren aus de leschten 3 Joer analyséiert. D'duerchschnëttlech Liewenserwaardung, d'Akommes vun de Befroten, hir Generositéit vis-à-vis vun hire Matmënsche ma och d'Vertrauen an d'Politik an d'Entreprisen a punkto Korruptioun spillen zum Beispill eng Roll.

Ausserdeem goufe subjektiv Facteure wéi Gléck, d'gefillten Ënnerstëtzung aus dem eegene sozialen Ëmfeld oder och d'Fräiheet eegestänneg Decisioune kënnen ze huele consideréiert. Och méi negativ Aspekter wéi Suergen, Roserei oder Trauer fléissen an d'Bewäertung mat an.

Ob d'Etude dann elo Recht huet an effektiv a Norwegen di glécklechst Mënsche liewen ass awer wuel net ze klären.