Blue Whale ChallengeEn Challenge mat eeschte Konsequenzen

Wat u sech wéi en ganz léiwen neien Internet-Trend kléngt ass awer a Wierklechkeet een seriöt Thema.

Leschten Update: 22.04.2017, 07:23:44

© youtube.com/MaximeSkye

U sech geet et ganz harmlos un. Eng Persoun gëtt ugeschriwwen a kritt Dag fir Dag ëmmer eng Challenge. Am Ufank muss een dann zum Beispill en bloe Wal op en Blat molen. Wat den Challenge awer méi laang undauert, wat en och ëmmer méi makaber gëtt.

Am Fong geet et drëms sech selwer Schneidverletzungen zouzezéien.

50 Etappe soll den Challenge laang sinn an dann domat ophalen, datt beim 50. Schratt de Spiller sech d'Liewe muss huelen.

D'Experte mengen, datt den Trend, deen aus engem russesche sozialen Netzwierk kennt en "hoax", also en Witz ass. Trotzdeem muss een d'Thema vum Suizid awer eescht huelen an och déi Leit virdru schützen, déi mam Gedanke spillen sech d'Liewen ze huelen.

Zu Lëtzebuerg gouf et anscheinend nach kee Fall wou eng Persoun mam Challenge a Kontakt koum.

Fir méi Informatioune kann een de Site vun bee secure consultéieren  (Tel: 80021234 ) oder och de Kanner- a Jugendtelefon (Tel:116111) uruffen.

Lauschtert hei: