Job OfferNetflix stellt an

Bezuelt gi fir Serien oder Filmer ze kucken!

Leschten Update: 21.04.2017, 15:32:27

© John MACDOUGALL / AFP

Op der Äerd ginn et 194 Staaten – an 190 dovu kann een Netflix kucken, bis ewell awer nëmmen an 120 Sproochen. Dat soll sech elo änneren. An dofir sicht den Online-Streaming-Service d’Hëllef vu sengen User. Déi solle beschtefalls eng seelen, komplex Sproch op Mammesprooch-Niveau beherrschen. Wéi Tschechesch, Hebräesch Thäi oder och Finnesch.

Och däitsch gëtt gefrot.

Hei wat ee soss nach kënne muss:

  • Englesch verstoen.
  • Sprëchwieder a Sätz 1 zu1 iwwersetze kënnen.
  • Sproochlech an och grammatikalesch Feeler erkennen.
  • Ënnertitelen.

Op "The Netflix Tech Blog" soll de sougenannten "Hermes-Test" erausfannen, wien fir dës Aarbecht geduecht ass. A fënnef Phasë gëtt een hei unhand vu Multiple-Choice-Froen gepréift. Dat ganzt dauert 90 Minutten.

Hei geet et bei den Test

Ma Netflix huet de Moment awer schonn e puer dausend Demande kritt. Et muss ee sech also jee no Sprooch e bësse Gedëllegen.

Wat bitt Netflix engem?

100% Spaass un der Aarbecht. Well ass een eemol mat dobäi da muss een sech net all film a Serie ukucken. Nee, et kann ee wielen. Um Ufank vum Test gëtt ee gefrot a wéi engem Genre ee schaffe wëll: Anime, Netflix Originals, Dokumentatiounen asw.

Mir drécken iech Daumen.

 

Links