Op VisiteKate Middleton begeeschtert d'Lëtzebuerger

D’Preparatioune lafen zanter Wochen. De Grand-Duché ass opgereegt. Grouss Visite aus Groussbritannien erwaard eis klengt Ländchen.

Leschten Update: 12.05.2017, 11:56:01

© Ed Buchette

D’Visite fänkt Mueres mat engem Tour duerch de MUDAM un wou d’Duchesse dann eng Austellung vun de britesche Kënschtler Sir Tony Cragg an Darren Almond besicht.

2.Etapp ass eng Veranstaltung ronderëm d’Legenden am Cyclissem op der Clairefontainesplaz am Nomëtten, bei där och Kanner eegen Tour de France-Mailloten Designen an 2 Freske relevéiert ginn. Engersäits déi vum lëtzebuerger Cyclist Charly Gaul an déi vum britesche Cyclist Tom Simpson.

Dat eigentlech Haaptevenement wäerten awer d’Festivitéite ronderëm den 150te Joresdag vum Traité vu London sinn. Heifir wäert d’Kate Middleton de Grand-Duc Henri an d’Grande-Duchesse Maria Teresa am Palais treffen.

Weider geet et da mat enger Commemoratiounsfeier ronderëm den Traité vu London am Stater Musée, déi dann op dr Haaptzeremonie am Musée Dräi Eechelen op en Enn kënnt. Mat dobäi sinn dann och de Premier Xavier Bettel an d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

Well de Kader ass net just d'Visite vum Kate Middleton, mä d'Feierlechkeete ronderëm den 150. Joresdag vum Traité vu London, bei deem Lëtzebuerg 1867 seng definitiv Onofhängegkeet an Neutralitéit accordéiert krut. 

D’Invitatioun fir d’Kate Middleton koum vum Premier Xavier Bettel, deen donieft och aner Vertrieder aus 8 verschiddene Länner invitéiert huet.