Big Bang Theory Spin-OffDen éischten Trailer ass do!

De Sheldon Cooper, déi wuel bekanntste vun den Nerd-Figuren aus "The Big Bang Theory" erzielt an engem neien Spin-Off aus senger Kandheet...

Leschten Update: 19.05.2017, 11:24:29

© Screenshot / Youtube.com

Zënter bal 10 Joer bréngt eis d'Comedy Show Big Bang Theory zum Laachen. Déi bekanntste vun den Nerd-Figuren ass ganz kloer de Sheldon Cooper. An engem neie Spin-Off soll elo d'Kandheet vun dësem duergestallt ginn... 

Dëst Joer am Hierscht gi mir zréck an eng Zäit wou de Sheldon 9 Joer hat, vu Schoul zu Schoul wiesselt, Klassen iwwerspréngt an natierlech och seng Famill a Matmënschen erstaunt a veronséchert. 

Intressant ass hei och, dass den ale Sheldon Cooper selwer den Erzieler ass. Sou kréie mir Abléck an d'Gedanken an d'Behuele vum jonke Sheldon.

Kuckt Iech hei de ganzen Trailer un!