Lëtzebuerger Federatioun vun den Auteuren a KomponistenFLAC erkläert Kritik u Musekschoix fir Nationalfeierdag

D'FLAC präziséiert, dass net d'Kompositioun vum Programm AIVA kritiséiert ginn ass, mä d'Aart a Weis, wéi de Choix vum Kulturministère gemaach ginn ass.

Leschten Update: 20.05.2017, 17:25:26

An de leschten Deeg hat et jo Opreegung ëm de Museks-Choix fir de Virprogramm vun Nationalfeierdag ginn. D’FLAC, also d’Lëtzebuerger Federatioun vun den Auteuren a Komponiste hat sech iwwer d’Aart a Weis opgereegt, wéi a virun allem wiem de Kulturministär d’Commande fir d’Museksstéck am Haaptprogramm ginn huet.

Se goung nämlech un eng Start-Up-Entreprise mam Numm AIVA, déi e Computerprogramm entwéckelt huet, dee ganz Museksstécker op Basis vu ronn 15’000 Virlagen komponéiere kann.

Vir t’éischt ass et dem FLAC-President Roland Wiltgen wichteg ze betounen, dass et net dorëms geet fir d’Kompositioun vum Computerprogramm ze verdäiwelen. Technik wier wichteg fir d’Musek, d’Komponiste géifen se souguer dacks selwer benotzen.
Ma dass déi rar Méiglechkeet, eng Kompositioun vun engem Lëtzebuerger Komponist am Haaptprogramm vun Nationalfeierdag vum Orchestre Philharmonique spillen ze loossen am Ufank un e Computerprogramm sollt goen, wier net ze verstoen, seet de Joel Heyard vun der FLAC.

Et sollt déi éischte Kéier sinn, dass esou eng Commande un e Lëtzebuerger Komponist sollt goen, erkläert de Roland Wiltgen weider. A generell géif et net dacks virkommen, dass den OPL e Stéck vun engem Lëtzebuerger géif spillen.

An der Tëschenzäit gëtt d’Stéck net méi am Haaptprogramm mä am Virprogramm gespillt. Domat huet sech d’Saach fir d’FLAC erleedegt, seet de President. Wéi gesot geet et der FLAC jo och net dorëms esou Programmer ze kritiséieren. Just de Kader, an deem e sollt zum Asaz kommen huet d’FLAC gestéiert.

Donieft wënscht sech d’FLAC, dass si an Zukunft an d’Decisioune ronderëm de musikalesche Programm op Nationalfeierdag mat agebonne gëtt an dass méi Commande vum Staat fir Lëtzebuerger Komponiste wäerte kommen.

Lauschtert hei de Reportage: