ComebackSuper Toy Club

Déi beléifte Kanner-Game-Show aus de 90er Joren feiert am September e Comeback!

Leschten Update: 22.05.2017, 11:06:42

© www.youtube.com

2 Ekippen - 4 Meedercher géint 4 Jongen - hunn an dëser Show a verschiddene Spiller misste géinteneen untrieden! D'Gewënner-Ekipp duerft dunn dat wuel beléiftste Spill untrieden, wat et an den 90er Jore ginn ass, den "Super Toy Race"! Hei sinn d'Gewënner mat engem Caddie duerch e Spillbuttek gelaf, a konnten alles apake wat se wollten. Déi Spiller déi si an de Caddie geluecht hunn, duerfen se da mat heem huelen!

Elo huet Super RTL annoncéiert, dass 15 néi Folge vun der beléifter Game-Show "Super Toy Club" geplangt sinn, déi am September ausgestraalt solle ginn!