4 Fraen aus Lëtzebuerg stellen e Rekord op6200 Kilometer matt engem Elektro-Auto!

Den 9. Juni um Mëtternuecht ass um Nordkap e Weltrekord-Versuch gestart. 4 Fraen fueren 6200 Kilometer mat engem Elektro-Auto, an dat an just 96 Stonnen...

Leschten Update: 12.06.2017, 09:33:26

No 7 Méint Preparatioun huet den 9. Juni um Mëtternuecht e Weltrekord-Versuch ugefaangen :

4 Fraen, déi alleguer eng Passioun vir den Auto hunn, probéieren, mat engem Elektro-Auto 6200 Kilometer an 96 Stonnen ze fueren.

En Challenge, dee beweise soll, dass esou Autoen och vir laang Strécke kenne genotzt ginn.

Vum Nordkap a Schweden, eriwwer an Däitschland, duerch Lëtzebuerg, Frankräich a Spuenien. Ziel soll dann Tarifa a Spunie sinn.

Bei just 96 Stonne sinn do natierlech och verschidde Schwieregkeeten, déi kennen optrieden, sief dat mam Traffik oder op der mënschlecher Basis. En Challenge, deen zäitlech nawell knapp bemooss ass. All Stopp, all Fënster déi opgemaach gëtt an all Minutte Radio kascht Zäit a virun allem Stroum. 

7 Stoppe sinn dann am Ganzen ageplangt.

Dir kennt de Grupp natierlech suivéieren, ënner 4girls4days.com an op Facebook.


Lauschtert hei de komplette Reportage









Links