SupermarchéEeër mussen net an de Frigo

Eeër leien am Supermarché net am Frigo – an dat aus engem einfache Grond!

Leschten Update: 13.06.2017, 14:21:32

© FRED TANNEAU / AFP

Firwat leien Eeër am Supermarché net am Frigo – eng Fro, déi sech deen een oder anere bestëmmt scho mol beim Akafe gefrot huet. Virun allem well een se jo, wann ee bis doheem ass awer an de Frigo leet.

Eeër leien normalerweis am Kartong einfach an engem Regal, zumindest bei eis. An den USA leien se dogéint am Frigo. Ongekillten Eeër dierfen do souguer net verkaf ginn. Dat, well déi frësch geluechten Eeër aus hygienesche Grënn mat Seef a waarmem Waasser gewäsch ginn, éier se an de Verkaf ginn. Dëse Prozess zerstéiert awer déi natierlech Schutzschicht vum Ee, déi sougenannte Cuticula, déi dofir suergt, dass keng Salmonellen a Bakterien an d'Bannescht vum Ee kommen. Wann déi Schicht fort ass, muss d'Ee gekillt ginn, fir et laang kënnen ze lageren.

Elo ass et hei am Land esou, dass d'Eeër eben net gewäsch ginn an d'Schutzschicht domat erhale bleift. Salmonellen a Bakterie kommen esou net duerch an d'Supermarchéen kënnen d'Eeër ouni Problem bei Zëmmertemperatur an d'Regal stellen. Ma dat entspriechend EU-Reglement gesäit awer fir, dass d'Temperatur ënnert där d'Eeër transportéiert ginn, muss adequat sinn – wat dat dann och ëmmer heescht. Wann d'Eeër awer bis am Frigo leien, dierf een se net méi ongekillt lageren. Dat well sech am Frigo Kondenswaasser op den Eeër ofsetzt, dat de Wuesstem vu Bakterien ureegt, déi dann awer kéinten an d'Ee kommen, seet d'Isabelle Paulus vun der Veterinärsverwaltung.

Eeër sollten d'Supermarchéen deemno zumindest hei am Land bei konstanter Temperatur lageren an transportéieren a fir de Verkaf eben net an de Frigo leen.