3 Fraen aus Lëtzebuerg stellen e Rekord opSi hunn et gepackt!!

Freides, den 9. Juni um Mëtternuecht ass den Challenge um Nordkap gestart. Elo, 96 Stonne méi spéit stellt sech d'Fro : Huet de Grupp et gepackt?

Leschten Update: 15.06.2017, 13:58:40

Et war e Weltrekord-Versuch, dee ganzer 7 Méint Preparatioun gefuerdert huet.

4 Fraen aus Lëtzebuerg, déi alleguer eng Passioun vir den Auto hunn, wollte just mat engem Elektro-Auto 6200 Kilometer fueren. Vum Nordkap a Schweden, eriwwer an Däitschland, duerch Lëtzebuerg, Frankräich a Spuenien. 

Ziel sollt et da sinn, an der Nuecht vu Méindes op Dënschdes viru Mëtternuecht an Tarifa a Spunien ukomm ze sinn.

En Challenge, deen sech sollt als méi schwéier duerstellen, wéi geplangt. Hei ass nämlech eng Conductrice onerwaart ausgefall. Dëst huet bedeit, dass d'Aarbecht a virun allem d'Fueren op 3, amplaz 4 Leit huet missen opgedeelt ginn.

Fazit : De Weltrekord steet! Déi 3 Frae sinn e Méinden Owend um 23:02 zu Tarifa ukomm, also ganzer 58 Minutte virun der Deadline.


Et war en Challenge, bei deem vill Schwieregkeeten optriede konnten, sief dat mam Traffik oder op der mënschlecher Basis. En Challenge, deen zäitlech nawell knapp bemooss ass. All Stopp, all Fënster déi opgemaach gëtt an all Minutte Radio kascht Zäit a virun allem Stroum. 



Gedanken zum Schluss : 3 Fraen, déi frou waren, endlech nees eng richteg Dusch, en richtegt Iessen a virun allen, eng jett Stonne Schlof nozehuelen.