CFL Joresrapport 2016Gutt Resultater, Zuchreseau awer komplett ausgelaascht

Fir d'Joer 2016 konnt de CFL-Grupp mat engem Nettoresultat vun 13,5 Milliounen Euro en décke Plus vermierken.

Leschten Update: 20.06.2017, 13:42:44

© Eldoradio/JG

D’CFL hunn e Méindeg hire Joresrapport vun 2016 publizéiert a kënnen op een nawell gutt Joer zréck kucken. Trotz dem Accident am Februar beim Beetebuerger-Triage schéngt d’Vertrauen an d’Zuchgesellschaft nawell grouss ze sinn an d‘Passagéierzuelen si konstant um klammen. 

D‘Zuelen sinn nawell zefriddestellend a mat engem Resultat vun 13,5 Milliounen Euro (2015 9,1 Mio. Euro) an engem Ëmsaz vum CFL-Grupp vun iwwert 913 Milliounen Euro ass een no der Down-Period vu viru 6 Joer, nees op engem konstanten Héich.

En allgéigewäertege Problem vum Zuchtrafic ass och de vun de Verspéidungen. Hei verweist een op d’Auslaaschtung vum Reseau deen sech awer no de rezenten Investitiounen nees stabiliséiere soll. 

Obwuel d‘Opreegung ëmmer nees grouss ass konnt een awer souguer eng Augmentatioun vun de Passagéier feststellen. 2016 waren et soumat 22,5 Millioune Leit déi den Transport vun de CFL genotzt hunn. Iwwert 10 Joer vun 2005 bis 2015 konnt ee souguer eng Hausse vun der Passagéierzuel vu 60% feststellen. 

Wat d'Sécherheet ugeet ass d'Unzuel vun de Kameraen op de Garen, Busser an Zich liicht eropgaangen op 2159 Kameraen, wat der 166 méi wéi 2015 sinn.

Punkto Sécherheet op de Strecke sinn 51% vun "matériel roulant" (Zich, Waggonen, Motoren) mam ETCS-Bremssystem ékippéiert wéi och 100% vum nationale Schinnereseau. 

Eng helle Wull u neie Projeten erwaarden eis dann och déi nächst Zäit. Ugefaange mam Funiculaire Pafendall-Kierchbierg Enn 2017.

Lauschtert hei de ganze Reportage