Mini-Fouer zu Esch?Méi Detailer zu der Propose

Leschte Freide gouf vill driwwer geschwat datt Esch eng eege kleng Fouer géif kréien déi déi 4 aner géif ersetzen. Mee wat stellt een ech konkret vir?

Leschten Update: 21.06.2017, 15:36:09

© RTL

Eng Mini-Kiermes zu Esch wier dach ganz super! Dat huet sech och de CSV-Politiker a Gemengerotsmember Georges Mischo geduecht, awer net fir der Stader Schueberfouer Konkurrenz ze maachen, mä wéinst der Situatioun op eng vun den Haaptverkéiersachsen an der Stad.

Bis ewell gëtt et zu Esch jo ëmmer 2 mol am Joer 2 Kiermessen op 2 Plazen. D’Kiermes während Ouschteren op der Place des Remparts an op der Viktor Hugo Plaz an d’Kiermes während der Päischtvakanz bei der Stadhausplaz an um Boulevard Prince Henri.

An dobäi koum een op d’Iddi am Plaz vun de 4 klenge Päischt– an Ouschterkiermessen eng mei grouss z'organiséieren. 

En Datum huet een nach net fonnt, virun allem well de Projet bis ewell just mëndlech festgehale beschwat gouf. Wat awer ganz sécher ass ass datt d’Thema vun der Mini Fouer zu Esch, och Sujet am Gemengerot a virun allem virun de Gemengewahlen den 8.Oktober wäerte sinn. Eng vu villen CSV-Proposen, wéi eis de Georges Mischo verroden huet.

Lauschtert hei de ganze Reportage